D’Wale vun der leschter Chance!

Ech wees natierlech net wéi aner Leit dëss Walen an der Geschicht vun eisem Land wëllen anuerdnen. Mee fir mech sinn et d’Wale vun der leschter Chance. Datt mir eis gutt verstinn: ech schwätze net vu menger perséinlecher Zukunft, mee ech maache mir Suergen ëm dësst Land.

Eist Land ass iwwerverschëllt, eis Schoule sinn op den Hond komm, eis Souveränitéit gouf ausgehielegt an eis Identitéit gëtt zerried an zerstéiert. Eng richteg Diskussioun gëtt et net, soulaang déi véier méi grouss Parteien grosso modo dat selwecht soen an dat selwecht maachen. Si hunn d’Zeitungen an déi aner Medien zu engem groussen Deel ënner Kontroll. Mir si konfrontéiert mat engem Polit-Kartell vun der Uniformitéit an der Mediocritéit an dem just nëmme nach ëm d’Posteverdeelung gestridde gëtt. Wéi sot de Montesquieu? „Là où il n’y a pas de conflits visibles, il n’y a pas de liberté.

Ech si frou, datt ech mech an der ADR engagéiert hunn. Trotz all denen Diffamatiounen mat denen déi Partei Dag fir Dag konfrontéiert ass,  huet si hiren Asaz fir eist Land  ëmmer nees gewisen a bewisen.  Eis Plakater ginn verschmiert, ëmgehäit an zerstéiert. Déi déi dat maachen di mir Leed. 

Vläicht verschwënnt d’ADR de nächste Sonndeg aus der Chamber oder vläicht gëtt si vill méi staark. Kee wees dat haut ze soen. Mee si ass déi eenzeg Partei déi nach patriotesch ass, déi eenzeg déi zum Leeschtungsprinzip steet, déi eenzeg déi géint en europäesche Federalstaat ass, déi eenzeg déi dem Geldverbëtze wëll en Enn maachen.

E Sonndeg zéien ech de Bilan. Wa mir gestäerkt ginn, sinn ech natierlech glécklech. Wann d’ADR awer verschwënnt, sinn anerer frou:

– D’CGFP well si joerelaang géint d’ADR Krich geféiert huet, ouni ze verstoen, datt si a Wierklechkeet objektiv Alliéierter sinn. Wann si dat bis versteet, kann et ze spéit sinn.

– Déi aktuell Féierung vun der CSV, well domadder hire chrëschtlechen a konservative Fligel um Enn ass.

– D’ASTI an de CLAE ,well domadder de Wee fir d’Auslännerwalrecht wäit op steet.

– An natierlech déi ganz politesch lénk Szen wëll et da riets vun der lénker Mëtt keng demokratesch Partei méi hei am Land gëtt.

Gëschter an der Kathedral huet d’Häerz mir wéi gedoen. Mir hunn eis un déi erënnert déi d’Liewen fir eis Heemecht gelooss hunn an d’Kierch wor voll mat Leit déi eist Land wëllen an Europa opléisen an eis Identitéit an engem Multi-Kulti-Bräi verschwanne loossen.  

Ech wielen d’ADR aus Iwwerzeegung an aus enger déiwer Léift zur Heemecht.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert