RTL-Journalismus oder Hetz géint d’ADR?

Zënter Joer an Dag gëtt op RTL d’ADR systematesch an d’Noperschaft vun de rietsradikale Tendenzen geréckelt. Hei e klenge Pot-Pourri:

  

Et ass schwéier ze gleewen, datt do net eng Absiicht dohannert stëcht. Emmer nees, vun alle méiglechen RTL-Journalisten, gëtt d’ADR an den extremisteschen a nationalisteschen Eck geréckelt. Hunn si dann eise Walprogramm net gelies? Wëssen si iwwerhaapt vu wat datt si schwätzen?

Hunn d’RTL-Journalisten einfach net méi politesch Hannergrondwëssen iwwer d’Geschicht vum Rietsradikalismus an de politeschen Iddien? Dat wär traureg! Oder ass do vläicht awer méi dohannert?

http://de.wikipedia.org/wiki/Hetzkampagne

Wann ech sou Saache gesinn an héieren, dann denken ech ëmmer drunn, datt am RTL-Verwaltungsrot d’CSV, d’LSAP an d’DP sëtzen. Interessanterweis sinn dat och déi Parteien, déi ëmmer nees RTL-Journalisten mat op hir Lëschten huelen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu RTL-Journalismus oder Hetz géint d’ADR?

  1. Nico sagt:

    Wat RTL mécht ass riicht eraus gesot eng Sauerei! Ech gleewen net, datt näischt derhannert stécht. Mee leider huet et och mat Dommheet ze doen, an déi ass onendlech an et gët kee Mëttel dergéint!! Déi Dommheet limitéiert sech ower net op RTL, et gin nach anerer, déi jidferee Lëtzebuerger, dee patriotesch ass, als Rassist an Nationalist vernennt. Ignoranz an Dommheet ass hei enges!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert