Hurra! Déi Gréng erlaben eis provisoresch nach mat eisem eegenen Auto ze fueren!

Am Wort sti jo ausser den Doudesannoncen, de Massen an dem Wierder heiansdo och soss nach Artikelen déi ee liese soll. Sou zum Beispill den Interview mam Här François Bausch am Wort vun haut (15.10.13).

Den Interview dréit den, e bësschen onglécklechen, Titel „Wir denken in Generationen„. Ech hoffen, datt keen doran eng Uspillung op déi vill pädophil Skandaler vun dene Grénge gesäit. 

Op de Carsharing ugeschwat huet den Här Bausch  eis frëndlecherweis  erlaabt – mee fir wéi laang nach? – mat eisem eegene Auto ze fueren. „Wir wollen Mobilität, nicht den Verkehr, fördern. (…) Das bedeutet nicht, dass ein Fahrzeughalter nicht mehr alleine mit seinem Wagen fahren darf.“ Uff! Lo si mir awer frou!! Et freet sech awer ob déi Gréng, wa si da sollte   „méi Verantwortung“ kréien, nach laang sou generéis bleiwen. Vläicht musse mir dann den Här Bausch all Kéiers ëm Erlabnis froen, wa mir mat eisem eegenen Auto wëlle fueren. Vläicht ginn och eis Kilometere beschränkt fir Kuelendioxyd anzespueren. Oder mir mussen ëmmer e gréngen Oppassert mathuelen, dee kuckt ob mir déi vum Här Bausch autoriséiert Streck fir eisen Individualtransport genee anhalen.  

Well déi Gréng entlarven sech virun de Walen als kollektivistesch Partei géint Privateegentum.  Si si fir Sovchosen a Kollektivéierung. Hei e puer flott Zitater aus dem Interview. Si sinn e beängschtegende Viirgeschmaach op dat wat op eis duer kënnt wann déi  gréng Ideologie e Sonndeg ieren un d’Rudder kéim:

Man muss allerdings die Frage aufwerfen können, ob jeder Haushalt einen eigenen Hochdruckreiniger benötigt, oder ob es nicht besser wäre, ein Gerät für ein Wohnviertel zur Verfügung zu stellen und sich die Einwohner je nach Bedarf bedienen.“ 

Eng flott Iddi! An e grénge Blockwart verdeelt d’Maschinn a féiert eng Lëscht wen, wéini, fir wéi laang an zu wéi engem Zweck  d’Maschinn därf benotzen. Wee Member bei dene Gréngen ass, kritt d’Prioritéit.

Aehnlich gelagert ist der Gedanke gemeinsam ein Stück Erde zu bewirtschaften. (…) Zusammen ist vieles einfacher“.

Ah, wéi mech déi grénge Programm  dach un dee gudden, alen Manifest vun der kommunistescher Partei erënnert:

Für die fortgeschrittensten Länder werden jedoch die folgenden ziemlich allgemein in Anwendung kommen können:

 Expropriation des Grundeigentums und Verwendung der Grundrente zu Staatsausgaben.

 Starke Progressivsteuer. (…)

 Zentralisation des Transportwesens in den Händen des Staats.“

Et gesäit een dach nach, dat eis Gréng vun haut hir Wuerzelen bei denen ultra-lénke Bewegungen hunn, déi déi vollkommen zu Recht vum SREL observéiert goufen..

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Hurra! Déi Gréng erlaben eis provisoresch nach mat eisem eegenen Auto ze fueren!

  1. Marco sagt:

    Wie vun deene Gréngen huet da keen Auto??A vun deenen, déi een hun (déi allermeescht oder alleguer) sin der, déi ower ganz gäer vum Auto vun deenen aner (net Gréngen) profitéieren, d.h. sech mathuele loossen. Dat zum Deel, well se dann hiren eegenen Auto net mussen huelen, an zum Deel, well een eben net iwwerall ouni Auto zer Zäit hikënnt. Och nach beléift: sech mam Auto bis op e puer Meter féiere loossen an do, wann ee mengt, et hätt keen ee mam Auto gesi kommen, op de Velo ëmklammen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert