Net nach méi Kompetenzen fir d’EU!

Grondsätzlech ass d’Aféierung vu soziale Mindeststandarden an der EU eng gutt Saach. Schliisslech wëll keen Sozialdumping oder Delocaliséierungen vu Betriber um Bockel vun hire Mataarbechter.

Awer et muss ee ganz gutt oppassen, datt en d’EU-Kommissioun domat net nach méi staark mecht. Wen hir wëll am Sozialberäich Kompetenze ginn, muss bedenken datt si den Index ofschafen an eise Pensiounssystem méi schlecht maache wëll. A prinzipiell denken ech, datt ee muss ganz vill Kompetenzen un d’Memberstaten zréck ginn a just nëmme nach en absolute Minimum un Zoustännegkeeten bei europäeschen Institutioune loossen. Déi Tendenz vun denen leschte Joerzéngten muss emgedréit ginn. Mir mussen eis endlech géint den europäeschen Zentralismus an d’Arroganz vun den europäeschen Institutioune wieren.

Datt d’Europäesch Kommissioun sech fir déi kleng Staaten geng asetzen wor vläicht 1970 nach richteg. Haut ass dat scho laang net méi wouer. D’EU-Kommissioun behëllt sech wéi e grousse Memberstaat a wëll eis rondrëm kommandéieren. Sou wéi  verschidde Commissairen, wéi z.B. d’Madame Reding, sech opféieren, ass net tolerabel. D’Komissioun spillt sech zu enger europäescher Regierung op, déi si awer net ass.

An dene nächste Joeren  muss Lëtzebuerg seng Interessen an Europa geschéckt vertrieden a verhandelen. Mir brauchen Europa als Friddensprojet an als Wirtschaftsraum. Mir brauchen awer bestëmmt keng  Bréisseler Amëschung an aner Politikberäicher.

Lëtzebuerg brauch dofir Politiker déi däitlech neen zu engem europäesche Federalstat soen an déi drop oppaassen, dat eis Souveränitéit sou wäit wéi nëmme méiglech retabléiert gëtt. Eis Allianzen gi mir dohi sichen, wou d’Leit ähnlech denken, an där gëtt et der Gottseidank ëmmer méi an Europa! Mat Freed gesi mir besonnech déi staark Tendenzen bei de Briten a bei den Hollänner fir den europäeschen Zentralismus ze bremsen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert