De Kapp am Fändel

Haut de Mëtteg am RTL-Background konnte mir verschiddenen Invitéën nolauschteren déi vun RTL invitéiert goufen Kommentaren iwwer déi „nationalistesch“ ADR-Walcampagne ze maachen. A flichtgeméiss hunn déi dräi dat gesot, firwat RTL se invitéiert hat.  Ee vun hinnen huet souguer sou eppes gesot wéi de Fändel wär net schéin ze kucke gewiescht….

Eise Leit vun RTL sollt ee mol kloer an däitlech soen, datt an all Land op der Welt politesch Parteien déi méi patriotesch wéi anerer sinn, och ganz selbstverständlech de nationale Fändel an hire Campagnen affichéieren: d’CDU an Däitschland, d’UMP a Frankräich an an Amerika „erdrénkt“ ee  bei den Demokraten wéi bei de Republikaner an engem Mier vu Fändelen.

Firwat hu sou vill Lëtzebuerger well e gestéiert Verhältnis zu hirem Fändel? Huet déi lénk a gréng Propaganda eis an all denen Joeren zënter 1968 lo scho sou conditionnéiert? Däerf een hei am Land net méi patriotesch sinn, mee nëmme nach internationalistesch an euro-federalistesch?  Ech si jiddefalls patriotesch, anti-federalistesch an houfreg op eise Fändel!

D’Wort huet haut op senger CSV-Propagandasäit wort.lu souguer dem Här Juncker säi Kapp an e Fändel agebaut. Dat muss allerdéngs en Iertum gewiescht sinn, well weder den Här Jucker nach d’CSV sinn och nëmmen am wäitste Sënn nach iergendwéi patriotesch. D’ADR ass et awer aus voller an éierlecher Iwwerzeegung!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu De Kapp am Fändel

  1. Leo sagt:

    RTL ass aarmséileg a fir mech iwwerhaapt keng Referenz. Ech kucken a lauschteren déi scho laang net méi. Emol ofgesi vu ville Feeler an hire Bäitreeg an deem schlechte Lëtzebuergesch sin déi net capabel, fir objective Journalismus ze maachen. Et gesäit ee jo, wou hir Leit elo candidéieren.
    Et ass dach erstaunlech: wann een och nëmmen dervun ausgeet, datt déi Mënschen, deenen hir Elteren, Grousselteren oder aner Familljememberen a Frënn am Krich ëmgesidelt oder zwangsrecrutéiert gi sin oder an d’KZ komm sin oder aner schlëmm Saachen ugedoe kruten, patriotesch sin, da missten dat der vill sin. Et keent een ower grad mengen, et wire keng Deportéiert, Prisonnéier, KZler an aner Krichsaffer zu Lëtzebuerg gin oder déi hätten all keng Kanner gehat, wann ee gesäit, wéi wéineg Respect vill Leit haut hu fir dat, wat déi Mënschen op sech geholl hun, fir onst Land ze erhalen. All déi, déi géint de Patriotismus sin (an, niewebäi bemierkt, dann normalerweis och géint d’Arméi, d’Militär engagéiere sech jo fir d’Land), sollen deene Mënschen an d’Ae kucken an hinnen dat riicht an d’Gesiicht soen!
    Déi Dommheet, fir Patriotismus als eppes Negatives probéieren duerzestellen, ass net ze verstoen. Guer net geet, fir d’Patrioten als Nationalisten oder Rietsradicaler ze vernennen. Esou eppes kënnen nëmmen Ignorante fäerdegbréngen, déi nach ni en Affer hu musse bréngen, deenen et ouni Eegeleeschtung gutt geet an déi dat als selbstverständlech huelen.
    Patriotesch däerf een ower och ouni Krich sin! Kënnen d’Géigner vum Patriotismus emol explizéieren, firwat ee begeeschteren Europäer soll sin, mee kee begeeschterte Lëtzebuerger soll däerfe sin??? Méi gët et net ze soen!!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert