Wéi laang kann den Här Juncker sech nach halen?

Sëcher, mir all brauche nach e puer Deeg  fir genuch Ofstand vun dëse Walen ze kréien fir kënnen eng eengermossen anstänneg Analys ze maachen. Mee wann ech mir dat eent an dat anert sou unhéieren, froen ech mech awer ëmmer nees ob den Här Juncker net duerch säin Ego-Trip seng ganz Partei an déi babylonesch Gefaangeschaft bruecht huet?

Den Här Juncker huet Feler viirsätzlech a bewosst gemaach fir déi all Beamten disziplinaresch a vläicht souguer penal verfollegt gi wär. Création d’un emploi fictif op Staatskäschten ass zum Beispill a mengen An en détournement de fonds publics, an dat och nach zum Viirdeel vun engem Här vun dem sengem Kand den Här Juncker Pätter ass. Nennt ee sou e Verhalen net Nepotismus?  Ass dat net den Ausdrock vun der Arroganz an der Allmacht vun engem Politiker a vun enger Partei déi mengen, datt de Staat geng hinne gehéieren? Ech hunn dem Här Juncker den 10. Juli ganz gutt nogelauschtert. Hie wor net Affer, mee Täter.

Wann den Här Juncker déi Gréisst gehat hätt fir zouzeginn, datt hie Feler gemaach huet, wann hien doropshin zréckgetruede wär a säi Posten engem anere ginn oder och nach Neiwale proposéiert hätt, dann hätt hien als e groussen Här dogestaan. Moralesch Gréisst gëtt ëmmer unerkannt. Mee hien huet eis politesch Kultur mëssuecht well hie seng Verantwortung als Minister net wollt droen – zum Schued vun der Glaafwierdegkeet vun der Politik a vun onsem Land. Den 10. Juli huet den Här Jucker d’Chamber iergefouert. Den Här Mosar huet sech geflass nom Här Juncker senger Erklärung ganz, ganz séier d’Glack ze lauden an den am viraus organiséierten Szenario huet no engem CSV-Dréibuch däerfen oflafen.         

Als éicht gouf d’CSV mol a Sippenhaft geholl : « Mir mam Premier ». Eng parteiintern Diskussioun wor net erwënscht, Dissidente goufe net toleréiert. Ech hunn eppes géint de Führerprinzip, an der CSV ass den awer offensichtlech zur Parteiraison erhuewe ginn. Déi Neiwalen vum 20. Oktober hunn d’CSV dunn och nach 3 Mandater kascht. Hätt den Här Frieden d’Regierung nom 10. Juli viru geféiert, wär et mol jiddefalls net kuerzfristeg zu sou engem Verloscht komm. D’CSV hätt sech kënnen nei opstellen am Hibléck op d’Walen am Mee oder Juni 2014.

An dene leschte Méint huet den Här Juncker schonn nees d’Geleeënheet verpasst fir seng eege Nofolleg ze organiséieren. D’CSV ass awer net do fir dem Här Juncker ze déngen, mee den Här Juncker soll senger Partei déngen. Bei de Walen, huet hie perséinlech och nach e grousse Stëmmeverloscht erlidden. Fir mech wor dat e weidert Indiz dofir, datt den Här Juncker lues a lues zu enger Belaaschtung fir seng Partei gëtt. A wat ass d’CSV da wierklech nach no all dene Juncker-Joeren ? E Muechtapparat ouni programmatesch Substanz. Sou eppes léisst sech op Dauer net erhalen.

Den Här Juncker kann sech als Politiker sëcher nach e puer Joer iwwer d’Distanz retten wann hie net wëll fräiwëlleg goen, mee seng Zäit ass awer riwwer. Den Ufank vum Enn läit schonn hannert him.

Sollt et wierklech lo och nach zu enger Dräierkoalitioun kommen, dann ass de Fiasko fir d’CSV komplett. Wëll d’CSV da wierklech nach weider vun dem Mann geféiert ginn, dee si duerch seng Verantwortungsverweigerung an déi do Situatioun era manövréiert huet ?  Soll den Här Juncker dann nach d’Zukunft vun där Partei bei denen nächste Walen am Joer 2018 representéieren?  Et gëtt Zäit fir e Wiessel bei der CSV ! Personell op jidde Fall a programmatesch och. Eng CSV mat bal dem selwechte Programm wéi d’LSAP, d’DP an déi Gréng huet sech souwisou op hirem Wee veriert. Dat grousst Schëff CSV brauch e neie Kapitän!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Wéi laang kann den Här Juncker sech nach halen?

  1. Sven sagt:

    Bonjour,

    Vill Jonker an mengem Alter (27) hun den Status Quo mat der CSV och saat, aus denen genannten Grenn. Leider schengt et awer sou ze sin wei wann des d’Land net fäheg ass ausserhalb vun der CSV ze denken.

    Herr Kartheiser, wi wär et mat enger Analyse zu dem Thema, wisou Letzebuerg CSV wielt? Mir hun mettlerweil 30 Joer d’CSV mat an der Regierung, an daat ass fir een demokrateschen System dach schon exceptionnel.

    Wat mech och geing interesseieren, wär eng Analyse wisou d’ADR mat engem zoliden an konkreten Wahlprogram an mat verbindlechen Aussoen, et net schaft mei Stemmen ze fenken. Ech hat erwaart dass d’ADR wesentlech mei Stemmen unzidd, virun allem an Zeiten wei desen, wou vill Parteien vague bleiwen an leiwer Sozialistesch Punch-lines raushuelen, wei op konkret Konzepter/aussoen ze setzen.

    Vielleicht kennen mer jo engker eppes zu denen Themen liesen 🙂

    Merci,
    Sven

  2. Pol sagt:

    Moien.
    Ech fannen dem Sven säi Commentar a seng Froen intressant. Wat d’ADR ugeet, droe ganz sécher RTL a verschidden Zeitungen dozou bäi, vill Leit, déi sech just op déi Medie verloossen, negativ ze beaflossen. Ech hun op anerer Plaz hei an engem Commentar d’Beispill gi vun engem Här, dee sech fir d’éischt déck iwwert d’ADR opgereegt huet an do nogebraddelt huet, wat hien aus deene Medien huet: d’ADR wir nationalistesch, etc.etc.. Als Conclusioun ass fir hien nëmmen déi Partei a Fro komm, déi de Pefferkär erausgët!! Datt dat d’ADR ass an hie mat dem ADR-Walprogramm op enger Linn läit, wor him net bewosst! Dat wor nëmmen Nogebraddels vun Dommeeten, déi ower den Usproch erhiewe vun der „politischer Correctheet“, wat och ëmmer dat soll sin…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert