D’Walresultat vun der ADR

E Lieser huet d’Fro gestallt, firwat d’ADR net méi gewielt gëtt? Dat ass natierlech och eng Fro déi mech vill beschäftegt.

Wann een sou eng Fro gestallt kritt, dann hëllt een sech ëmmer mol fir t’éicht selwer bei der Nues. D’Partei huet menger Meenung no an dëser Campagne keng Feler gemaach,  mee si huet e puer Schwächten. Dat ass awer keng Diskussioun déi een an der Effentlechkeet féiert, mee an de Parteigremien.

Ech selwer hunn natierlech och Verantwortung ze droen. Déi Hären Henckes a Colombera si jo aus der Partei ausgetrueden, wou déi Debatt iwwer d’Ofdreiwung an der Chamber war.  Déi zwee Hären hunn an där Fro Positioune vertrueden, déi net dem Parteiprogramm entsprach hunn, deen si selwer mat ugeholl haten. 

Ech sinn deemools  als Parteipresident zréck getratt, zum Deel fir vläicht nach déi zwee Austrëtter kënnen ze verhënneren, zum Deel fir d’Partei an hir Personal viru negativen Entwécklungen ze schützen. Dat huet leider net vill gehollef. Mee déi Evenementer vun deemools hate natierlech och nach Auswierkungen op dëss Walen.

Haut wësse mir, firwat den een an den anere gaange sinn, deemools wousste mir et nach net. Fir déi, déi de Quotidien net gelies hunn: den Här Henckes schéngt ze hoffen, datt d’CSV hien an de Staatsrot géng nennen. Hie wor de Sonndeg bei der CSV-Walparty präsent. Séng Rieden an der Chamber wore net ëmsoss ëmmer méi  pro-Juncker a pro-CSV.

D’Grënnung vun der PID duerch en ex-ADR-Deputéierten – enger Partei déi vun hirem Inhalt hir an de Spektrum vum Irrationalen ze placéieren ass – huet d’ADR zwee Sëtzer kascht: een am Norden an een am Osten.  Ouni déi Verloschter hätten d’DP an d’LSAP net jeweils ee Sëtz bäikritt an et kéint elo net sou liicht oder vläicht iwwerhaapt net zu enger Lénkskoalitioun kommen. Dat ass de Mérite vun der PID a vun der Schwächung vun der ADR.

A sou gouf och nach d’CSV iwwer e puer Emweeër d’Affer vun den Hären Henckes a Colombera. Amplaatz sech am Dezember 2012 iwwer déi Problemer vun der ADR ze freeën an hir „Implosioun“ ze feieren (zu där et awer schlussendlech net koum), hätt si besser gehat aus Grënn vun der politescher Stabilitéit déi Partei ze ënnerstëtzen. Mee dofir muss ee méi wäit plange kënnen wéi d’CSV et mecht. Souwisou denken ech, datt d’CSV hir Positioun zu der ADR muss vu Grond op iwwerschaffen. An enger Post-Juncker-Aera gëtt dat méi einfach.  

Da gëtt et natierlech nach eng ganz Rei vun aaneren Uersaachen.  Hei e puer dovun:

1. D’ADR huet keng eege Press. An déi aner parteigebonnen oder parteibeaflossten Zeitungen a Medien verdäiwelen d’ADR unisono an zënter Joeren. Als Beispill hat ech virun enger Woch op dësem Blog RTL ernimmt, déi alles maachen fir d’ADR ëmmer nees an dee rietsextremen Eck ze réckelen (cf. Video op dësem Blog).  Sou eng Propaganda ass zwar weder an der Saach  ze argumentéieren nach deontologesch ze justifiéieren, mee si  ass eng Tatsaach déi eis schued. Ech froe mech, wat déi Medien da génge soen, wann hei am Land wierklech eng rietsextrem Partei entstoe géng?

2. D’CGFP ass zwee Kricher hannen. An där Gewerkschaft gëtt et nach ëmmer Leit déi an de 90er Joere liewen a géint d’ADR wëlle kämpfen ouni ze gesinn, datt d’Fronten scho laang ganz aanescht verlafen. D’ADR verdeedegt de Beamtestatut an eng neutral Fonction Publique. Si ass géint d’Auslännerwalrecht an fir eng lëtzebuergesch Fonction publique an där och lëtzebuergesch geschwat gëtt. Vun denen anere Parteien kann een dat net soen! An eng 5/6 Pensioun fir d’Beamten wär souwisou scho laang net méi ze finanzéiere gewiescht a gesamtgesellschaftlech wär se och net ze vertrieden. Dat misst eigentlech och eng CGFP kënne verstoen.

Haut geet et drëm fir e gerechte Rentesystem fir d’Zukunft ze definéieren an d’Renten global ofzesëcheren an do huet d’ADR bei wäitem déi beschte Propositiounen. Mee gutt, wann d’CGFP nach 20 Joer laang wëll déi Kricher vu vir-virgëschter weider féieren, da soll si domat glécklech ginn. 

3. Am Walkampf selwer ass et Moud gewiescht mat denen véier „grousse“ Parteien ze schwätzen an déi aner lénks leien ze lossen. Huele mir mol d’Beispill vun der FEDIL. Déi  huet  zwar Gespréicher mat dene Grénge geféiert -enger notoresch wirtschaftsfeindlecher Partei – an déi domat opgewärt. Si huet awer kee Gespréich mat enger ausgesprache wirtschaftsfrëndlecher Partei wéi der ADR geféiert. Als Resultat kann d’FEDIL sech schonn op dee nächste Koalitiounsprogramm freeën.

An da gëtt et natierlech nach vill aner Uersaachen. D’ADR wollt en Themewalkampf, déi aner Parteien an d’Medien wollten e Persounewalkampf – dat schéngt méi interessant ze sinn. Walprogrammer sinn zwar wichteg, mee si gi leider net vu ville Leit gelies.

Jee, dat do ass eng spannend Fro fir déi ech och Merci soen. Ech hunn och bestëmmt nach vill wichteg Saache vergiess. Wa mir nach eppes afällt, da kommen ech drop zréck.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu D’Walresultat vun der ADR

  1. Pierre sagt:

    Ech soen dem Haer Kartheiser an dem Sven Merci fiir d’Fro an d’Aentwert. Ech sinn perséinlech mat der ADR grouss ginn. Ech erënneren mech nach gudd un Zeiten vun der 5/6, un den Walkampf 1989. D’Haaptproblem woer emmer deen vum Image vun der Partei. Sie ass emmer als rietsextrem an populistesch vun der Presse an aneren Parteien duergestallt ginn. Dat woer nie wouer, mee dat ass eng Konstante an all deenen Walkaempf an Joeren gewies. Emmer, vunn allen Medien dont surtout den RTL. D’ADR woer emmer onbequem fiir den Establishment. Deen „rietsradikalen an populisteschen “ Image huet ett mat sech bruecht, dass vill Leit zecken fiir sech politesch en public bei der ADR ze engagéiren. Dei Diffaméirung vun der ADR iwwert 25 Joeren ass natiirlech net einfach laanscht Partei gaangen. Den RTL sollt sech einfach schummen. 

    • Pol sagt:

      E gudde Commentar! Ech gesin dat och esou an esouguer verschidden CSV-Deputéiert, déi mer dat an engem perséinleche Gespréich gesot hun. Ech hun hei schonn e Commentar gemaach, dee weist, zu watfir engen Absurditéiten déi Mediecampagne féieren!

      Well den Establishment a seng Medien einfach kee Géienargument hu géint d’ADR, diffaméiere si se op dës aarmséileg Manéier als rietsradical. Dat fonctionnéiert bei ville Leit, déi sech net selwer informéieren, mee sech op déi subjectiv a parteiesch Informatioune vun deene Medie baséieren. Dat fonctionnéiert dann esou laang, wéi se net mierken, wéi domm a falsch déi Informatioune sin. An do si sécher och vill Leit drënner, déi sech net froen, wou hir 5/6 Pensioun hirkënnt! An et sin och genuch Beamten drënner, déi mengen, et géng hinne schlecht goen, an déi kee Wäitbléck hun. Ech sin och een, mee ech weess, wat ech hun an denken och un déi aner Leit!

Schreibe einen Kommentar zu Pol Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert