Ho, Ho, Ho ! oder wéi mecht een eng Kultur futti?

Nodeems Chrëschtdag  riwwer ass an Ouchteren schonn virun der Dir steet, wollt ech nach eemol op den Advent zréck kommen, oder besser gesot, ob dat wat aus dem Advent gemaach gëtt.

Well mir eis Traditiounen net uechten an d’Leit vun Joer zu Joer méi zu reliéisen Analphabeten ginn, därft een sech eigentlech net wonneren iwwer alles dat wat do geschitt. A verschiddene Geschäfter kënnt de Kleeschen nach laang no dem  6. Dezember, um Radio gouf d’Chrëschtkëndchen  schonn laang duerch de Santa Claus ersat den do Reklamm fir Kichen oder soss eppes mecht (Ho, HOOO, HOOOO !!!), je, de Kommerz iwwerrullt op eng radikal a skrupellos Manéier alles wat Niklosdag a Chrëschtdag zu Fester mat Sënn, mat Déift, Léift, Hoffnung, Fridden a Glawen mecht.  Iwwer d’“Christmas Parade“ an aner kulturell Friemkierper kënnt een och laang schwätzen a net vill Gutts soen.

Ech wär frou, wann Leit déi ähnlech gengen denken sech kéinten zu enger Initiativ zësummeschléissen, ongeféier rondrëm dëss Sujeten :

–          Respekt fir d’Traditiounen hei am Land. D’Chrëschtkëndchen ass net de Santa Claus !

–          Anhalen vun den Datumer vun dene Fester. Keen Kleeschen an de Geschäfter nom 6. Dezember!

–          Keng Schoklas-Ouchterhuesen an de Geschäfter an der Adventszäit !

–          Keng iwwerméisseg Kommerzialiséierung a Respekt vun den Traditiounen och an de Reklammen.

Ech hoffen, dat vläicht gudde Wëllen do wär wann een mat Zäit bei de Medien a bei der Geschäftswelt geng intervenéieren, fir dat dee nächsten Advent nees en aneren an méi besënnlechen  Charakter kritt.

 

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Kultur, Lëtzebuerg, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert