Verféiert Meedercher op der Plëss!

Op Vältesdag hunn eng honnert Persounen –virun allem Fraen an Meedercher – op der Plëss e « flashmob » organiséiert fir géint d’Gewalt géint d’Fraen ze demonstréieren (de Lieser entschëllegt w.e.g. déi offensichtlech Contradictioun tëschent der Notioun vu « flashmob » an dem séngem organiséierte Charakter, mä sou wor et nun eemol).

Ennert denen Leit déi do woren, woren eng ganz Rei vun den Haaptexponentinnen vum Feminismus zu Lëtzebuerg. Direkt organiséiert gouf dat Ganzt – de Medien no – vun enger neier ONG mam Numm « LGVI ». Ennert dem Numm hunn ech awer am « Régistre de Commerce » keng Organisatioun fonnt, wees also och net wen d’Grënnungsmemberen oder d’Comitésmemberen sinn. Och kann ech hei nach keng Detailer zu den Statuten, dem Zweck  oder der Finanzéierung vun där Organisatioun ginn.

Dëss Initiativ wor Deel vun enger weltwäiter Campagne déi vum Eve Ensler initiéiert gouf. Déi Campagne heescht « One Billion rising » a soll duerch Danz, Gesang, etc…. en Zeechen géint d’Gewalt géint d’Fraen setzen. D’Madame Ensler an hir Matstreiderinnen wëllen drunn erënneren dat – hirer Aschätzung no – all drëtt Fra op dëser Welt op d’mannst eemol am Liewen soll Affer vu sexuellen Belästegungen, Iwwergrëffer oder souguer Gewalt ginn.

Aus enger Rei vu Grënn hat ech awer keen positiven Androck vun där Manifestatioun. Ech wëll hei erklären firwat.

1.     Opportunitéit an d’Wiel vum Datum

Den éichten ass, dat et schonn zwee international Deeg ginn un dem allgemeng oder och spezifesch un d’Gewalt géint d’Fraen erënnert gëtt. Den een ass den internationalen Fraendag den 8. März an den aneren ass den « Internationalen Dag géint d’Gewalt géint d’Fraen », de 25. November. Och wann de Problem vun der Gewalt géint Fraen leider reeëll ass an op kee Fall därf verharmlost ginn, sou froen ech mech awer op et noutwendeg ass, dat lo och nach ën drëtten Dag, de 14. Februar, soll dobäi kommen fir un dee Problem ze erënneren. Mir schéngt dat net zwéngend néideg. Vläicht wollt d’Madame Ensler jo och nëmmen eppes fir hir eegen Publicity maachen.

Niewebäi bemierkt erfëllt den internationalen Männerdag, den all Joers dë 19. November ass, bei wäitem net déi selwecht Funktiounen. Den Dag soll net un d’Gewalt géint Männer erënneren oder ieren dogéint protestéieren, mä en ass just nëmme geduecht fir un d’Gesondheetsproblemer vun de Maenner an de Bouwen ze erënneren an ausserdem – an vläicht virun allem – un d’Wichtegkeet vun der Gläichberechtegung tëschent de Geschlechter. En ass also näicht anecht a näicht méi wéi en Alibi-Dag den soll d’Impressioun ginn, dat jiddereent vun denen zwee Geschlechter säin eegenen Dag hätt.

Mä zréck bei de 14. Februar. Firwat, sou kann een sech froen, ass den « One Billion rising – day » grad op den Datum geluegt ginn ? Fir mech gëtt et do zwou Uersaachen.

Déi éicht ass dat de 14. Februar den Dag vun der Léift ass an traditionnell am Zeechen vun der Heterosexualitéit gefeiert gëtt. De Mann schénkt senger Fra Blummen, d’Koppelen ginn raus iessen, maachen sech kleng oder grouss Cadeauën, an sou virun.  Am Groussen a Ganzen gëtt den Dag iwwer d’Medien e positivt a romantescht Bild vun der heterosexueller Bezéiung vermëttelt – natierlech zum Deel och aus kommerziellen Grënn.  D’Initiatorinnen vun dem « One Billion Rising Day » kommen awer aus der lesbescher Bewegung a stéieren sech – wéi et bei hinnen heescht – un der « Zwangsheterosexualitéit ». D’Romantik muss also gebrach ginn an den heterosexuelle Leit soll d’Freed un hirer Léift geholl ginn. Dowéinst gëtt den Dag  dann d’Gewalt an de Mëttelpunkt gestallt  an gläichzäiteg ginn d’Fuerderungen vun de lesbeschen, homosexuellen oder nach aneren, net klassesch heterosexuellen, Liewensformen erhuewen. Publizisteschen Zweck ass dat op Vältesdag, amplaatz dat iwwer d’Léift tëschent Mann a Fra geschwat gëtt, iwwer d’Geschlechtergewalt vum Mann géint d’Fra diskutéiert gëttt. RTL an d’Wort hunn do voll mat gemaach.

Wen et net gleewt, den sief just drunn erënnert, dat d’Madame Ensler jo och d’Autorin vun de « Vagina Monologen » ass, en eminent feministescht Theaterstéck dat um Buedem vun der Gender-Theorie steet an der Heterosexualitéit alles aanecht wéi gutt gesënnt ass. Wat d’Madame Ensler  mecht, ass mat Sëcherheet am propagandistesch-feministesche Sënn a muss och op dem Niveau analyséiert ginn.

Déi zweet Uersaach ass, dat de Vältesdag mat engem chrëschtlechen Hëllegen a Verbindung bruecht gëtt, eben mam  hëllegen Valentin. Déi lénk politesch Bewegungen, zu denen och déi lesbesch an aner LGBT Associatiounen zielen, sinn awer anti-chrëschtlech an anti-kierchlech agestallt. D’Wiel fir dese Protest op en Dag ze leeën, den d’Leit mat engem Hëllegen a Verbindung brengen – egal op et den lo ginn huet oder net an, wa jo, wen hien genee wor – schwächt alt nes d’Ausstrahlungskraaft vun dem Dag an ënnerhielegt och dee chrëschtleche Message vun der (heterosexueller) Léift.  Dem Lëtzebuerger Wort wor dat awer och egal-  wort.lu wor alt nes dobäi!

2.     Déi aner Säit vun der Wouerecht gëtt bewosst verleegent

Aus Grënn vun der Eierlechkeet  wëll ech op dëser Plaz ausdrécklech drunn erënneren, dat et och Gewalt vu Fraen géint Männer a Kanner gëtt. Doriwwer gëtt allerdéngs sou gutt wéi ni geschwat – a wann, da meeschtens fir de Phänomen kleng ze rieden an/oder  d’Affer lächerlech ze maachen.

Ech soen et nach eemol : ech gehéieren net zu denen déi d’Gewalt géint Fraen verleeegnen, verharmlosen oder net wëllen doriwwer schwätzen. A ville Länner vun der Welt geschitt Schreckleches an och hei zu Lëtzebuerg kann natierlech keng Gewalt géint en aanere Mënsch gutt geheescht ginn.

Ech soen awer och : dat gëllt fir jiddereen! Dee feministesche Credo vun der souwuel statistesch wéi och kierperlech dominanter Männergewalt wëll ech konsequent hannerfroen an demontéieren. Dofir wäert ech ëmmer nees op dee Sujet agoen an och Literatur zu dem Thema recommandéieren.

Am Abléck wëll ech hei just een rezenten Artikel aus dem « Spiegel » zitéieren. Als politesch lénks Zäitschrëft huet dat vläicht bei Verschiddenen méi Gewiicht, wéi dat wat ech soen.
(http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/0,1518,718585,00.html).

 

3.     De Credibilitéitsfiasko vun “Infomann”

 

Bei dem “flashmob” wor och de Vertrieder vun dem neien Männerbüro “Infomann” an huet virun der Kamera  déi feministesch Theorien iwwer d’Männergewalt rofgebied – no mengem Gefill op eng vollkommen onkritesch Manéier.

Lo verstinn ech nach besser firwat an fënnef Méint nëmmen eng 40 Männer an dëse neie Service gaange  sinn (d’Zuelen kënnen liicht variéieren, ganz genee wees ech se net méi ). Ech kann mir och bal net virstellen, dat een als normale Mënsch zweemol op sou eng Plaz geet, wou een als Mann spiert, dat et do considerabel Credibilitéitsdefiziter gëtt.  “Infomann“ wor als Iddi net schlecht, mä ech sinn iwwerzeegt, dat déi Saach muss ganz aanecht ugepaakt ginn, wann si soll eng Chance an eng Zukunft hunn.

Conclusioun   

De Fazit vun dem „flashmob“ ass fir mech, dat do vill Mënschen  a virun allem vill jonk Meedercher hi gaangen sinn, déi iwwer d’Hannergrënn vun dem Politikum net genuch informéiert waren. Dat si géint d’Gewalt géint d’Fraen wëllen demonstréieren, kann ech aus der Perspektiv vun denen Meedercher gutt verstoen. Net entschëllegen kann ech den Mëssbrauch den d’Berufsfeministinnen mat denen Meedercher dreiwen – wëll hir Agenda ass eng ganz aner. Fir mech sinn vill vun denen Meedercher, hiren Enthusiasmus an hiren Idealismus,  politesch vun denen Feministinnen fir hir Zwecker mëssbraucht ginn.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert