Schued ëm Amnesty international!

Amnesty international gehéiert zu denen Organisatiounen déi ech am Prinzip géng gär ënnerstëtzen, mee déi et engem  wierklech schwéier maachen. Wou ech jonk wor, wor ech wéi selbstverständlech Member an där Organisatioun. Et wor deemools kloer, fir wéi eng Ziler sech Amnesty agesat huet: fir d’Fräiloossung vu politesche Gefaangenen, géint d’Folter, géint d’Doudessstrof.  Do gouf et an do gëtt et fir mech keng Diskussioun. Deemools huet Amnesty keng Politik gemaach, mee humanitär Aarbecht. Wann Amnesty dat haut och nach geng sou soen a maachen, da wär ech nach dobäi. Leider gëtt et ëmmer nach ganz vill Handlungsbedarf an dene Beräicher.

http://de.wikipedia.org/wiki/Amnesty_International

Mee Amnesty huet sech leider ganz vill verännert. Haut geet et an där Organisatioun  ëm allgeméng politesch Themen, vum internationale Waffenhandel bis hin zu dene kulturelle Rechter vun Asylanten an eise fräien an demokratesche Staaten. Fir sou Froen ze behandelen gëtt et honnerte vun Instanzen: international Organisatiounen, staatlech Institutiounen wéi z.B. Parlamenter a Geriichter, politesch Parteien, offiziell Mënscherechtsgremien an sou virun.  Dofir brauche mir Amnesty net. Haart awer richteg ausgedréckt: do ass Amnesty einfach iwwerflësseg.

Mee Amnesty mecht net nëmmen Iwwerflësseges, Amnesty mecht och nach lénk Politik:

Amnesty engagéiert sech fir d’Ofdreiwung: keng Doudesstrof fir Erwuessener awer fir ongebueren an onschëlleg Puppelcher. Dat verstinn ech net. Hunn d’Kanner da kee Recht op Liewen?

http://www.kath.net/news/17408

Amnesty setzt sech fir Greenpeace-Aktivisten an, déi vun engem hollännesche Schëff aus,  geplangt an mat voller Absicht, russesch  Rechter an Interessen verletzt hunn. Greenpeace huet bewosst provozéiert a Russland huet reagéiert. A mengen An sinn déi Dammen an Häre vu Greenpeace dowéinst nach laang keng politesch Gefaangener. Hire Fall gëtt ebe lo vun der russescher Justiz behandelt.

Mat dem erklärten Hannergrond vun der Greenpeace-Aktioun kann een d’accord sinn oder och net. Mee e Recht fir op russesch Buerplattformen erop ze klammen, hat an huet Greenpeace net. 

&

Amnesty setzt sech och fir den Här Snowden an. Fir mech ass deen Här awer kee politesche Gefaangenen, mee en amerikanesche Bierger dee virun en amerikanescht Geriicht gehéiert wëll en amerikanesch Gesetzer verletzt huet. Och do kann een mam Här Snowden sengen Aktiounen d’accord sinn oder net (ech sinn et perséinlech net), mee dat ännert näicht drunn, dat d’Gesetzer och fir hie gëllen a keen iwwer dem Gesetz steet. 

http://www.amnesty.lu/home/

Amnesty kéint a sollt intervenéieren wann d’Greenpeace-Aktivisten oder den Här Snowden kee faire Prozess kriiten. Da wären hir Mënscherechter verletzt ginn. Awer datt déi Leit virun e Geriicht gestallt ginn, fannen ech nëmme normal.   

Géng Amnesty op Politik verzichten an sech nees ëm dat këmmeren, woufir Amnesty gegrënnt gouf: ech wär nees gär dobäi!

 P.S.: Ah jo, Amnesty: an hal w.e.g. domat op „Droits de l’Homme“ mat „droits humains“ ze verwiesselen. An zwar politesch, juristesch a grammatesch. Et geet ëm Mënscherechter a net ëm mënschlech Rechter. Villmools Merci!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert