Hällt „Transparency“ sech well fir de Parquet?

De Moien um Radio ass eng Reklamm vun Transparency international gelaf. Leit déi Zeien vun enger Korruptioun ginn, sollen déi Nët-Regierungs-Organisatioun dovun informéieren, sou de Message.

http://www.transparency.lu/a-propos/membres/

Sou eng Campagne halen ech fir net appropriéiert.  Fir d’Verfolgung vun Delikten ass hei am Land de Parquet zoustänneg. Solle mir wëll hei encouragéieren, datt d’Leit sech un sou Organisatiounen wéi Transparency adresséeiern, amplaatz un d’Autoritéiten?

Ech hu näicht géint ONGen wéi z.B. Transparency international. Mee si sollen sech bewosst sinn, datt hire Rôle komplementar zu dem vun de polizeileschen a juristeschen  Autoritéiten an engem demokratesche Staat ass. Firwat  seet Transparency net, datt Leit déi Zeien vun engem Fall vu Korruptioun ginn, sech sollen un d’Police oder de Parquet adresséieren?

Wat wëll Transparency da mat denen Informatiounen ufänken? Si un de Parquet viru ginn? Dat wär jo nëmme richteg a normal! Wa jo, firwat sollen d’Leit dann  net direkt dohi goen? Oder vläicht net? Wär dat dann net eng Form vun „entrave à la justice„? Oder wëll Transparency déi Informatiounen vläicht fir sech behalen, fir domat Campagnen géint de gudde Ruff vun eisem Land ze maachen?  

Wat bezweckt Transparency?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Hällt „Transparency“ sech well fir de Parquet?

  1. Marcus sagt:

    Bonjour,

    Herr Kartheiser dir hut jo Recht, allerdengs muss een och soen dass d’Vertrauen vun dem citoyen verstaendlecherweis mei grouss ass an eng Organisatioun wei Transparency wei an d’Police an den Parquet.

    Zu dem vertrauensverloscht gefouert hun net zu lescht dei aktuell Affairen.

    Perseinlech geif ech och leiwer, quasi anonym bei Transparency eppes un d’Rullen ze brengen, wei bei der Police een Protokoll mussen ophuelen ze lossen, wou een perseinlech ganz schein exposeiert ass, an net wess weieng Weer dei Sach geet.

    Mfg
    Marcus

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert