Här Goerens, ech hu Problemer mat Aerer Prozedur!

Dir hutt also lo der nationaler Politik Aeddi gesot – lo mol. Dir wort mat der Prozedur bei de Koalitiounsverhandlungen net d’accord – wat natierlech Aert gutt Recht ass.  Mee ech muss Iech awer soen, datt ech och net vill vun Aerer eegener Prozedur halen.

http://www.wort.lu/de/view/goerens-zieht-sich-aus-nationaler-politik-zurueck-dp-bereit-fuer-dreierkoalition-52680733e4b0b743e97f4686

Dir gitt mat a Chamberwalen mam Motto Minister oder Stroosbuerg. A mengen An asss dat  eng Mëssuechtung vun eisem nationale Parlament, well Deputéierten an der Chamber wollt Dir jo ausdrécklech net ginn.  Ass et Iech vläicht net gutt genuch „nëmmen“ e Vertrieder vum lëtzebuerger Vollék um Krautmaart därfen ze sinn? Fir mech ass dat jiddefalls eng ganz grouss Eier!

Dir hätt  lo kënne Minister an der Regierung vum Groussherzogdem Gambia ginn, mee dat wollt Dir awer op eemol och net méi. Wär ech Eislécker géng ech Iech lo soen, datt Dir mech hannert Liicht geféiert hutt. Emmerhin hutt Dir dem Wieler Aer  sëllech aner Conditiounen fir e Ministerposten net am viraus erklärt. Iwwer d’Prozedur fir Koalitiounsverhandlungen ass am Walkampf ni Rieds gaangen – wéinstens net datt ech mech geng drunn erënneren.  Och iwwer eng exklusiv schwaarz-blo Optioun mat Iech als Bausseminister ass ni ëffentlech Rieds gaangen. 

Gutt, Dir stitt dem Här Juncker ganz no an ech kann Aer Frustratioun aus där Perspektiv raus verstoen. Mee ech géng einfach mol virschloen, datt an Zukunft déi Leit déi sech fir Chamberwalen opsetzen och wëllen an d’Chamber goen.

Ech hoffen, datt Dir Iech, no där schéiner Lektioun a politescher Deontologie déi Dir dëm Land grad ginn hutt, net nach eemol fir d’Europawahlen opsetzt . Well wee weess wou Dir hi gitt, wann Dir sollt gewielt ginn? Jiddefalls mol net op Banjul, well dat ass d’Haaptstad vu Gambia an iwwregens och dee neie Numm vum ex-Hôtel de Bourgogne, dem neien Hôtel de Banjul.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Här Goerens, ech hu Problemer mat Aerer Prozedur!

  1. André sagt:

    Den Här Goerens hat viru Jore fir e Mandat als Europadeputéierte candidéiert, dat Mandat och krut an hat domat vun de Chamberwalen dëst Joer ewechzebleiwen! D’Leit, die him hir Stëmm gin hate fir d’Europawalen an elo nes hir Stëmm fir d’Chamberwalen, ouni datt säi Mandat als Europadeputéierten iwwerhaapt op en Enn ass, sin net ze verstoen. Wësse si och net, wat se wëllen, oder loosse si sech esou liicht benotzen? Esou e Verhale weist, datt vill Leit d’Walen net eescht huelen oder einfach droplass ukräizen ouni grouss Connaissancen. Op jidfer Fall huet den Här Goerens elo och emol gesin, datt esouguer hien net ëmmer eescht geholl gët, mee benotzt, an dat vun der eegener Partei! Kloer weist den Här Goerens „mat Nodrock“ de Reproche zréck, hie wir en „Opportunist, dee sech duerch d’politesch Landschaft géif schläichen“. A wéi nennt een dat dann? Hien huet net nëmme vu senger Partei e Stréch duerch seng Rechnung gemaach krut, mee si huet him och nach domat geschued, an hie sech selwer och mat deem Behuelen.

Schreibe einen Kommentar zu André Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert