Der Madame Merkel hiren Handy

Alt nees vill Opreegung ëm déi amerikanesch Geheimdéngschter. Déi Kéier am Zësummenhank mat der Madame Merkel hirem Handy. Wat fir eng Hypocrisie!

Mir wëssen a mir woussten all – wéinstens d’Regierung an all déi déi d’Zeitung liesen –  datt déi elektronesch Opklärung zanter Joeren en zentralen Deel vun der Geheimdéngschtaarbecht ass. Mir woussten scho laang, datt d’Englänner, d’Fransousen an anerer eis Communicatiounen iwwerwaachen.  Mir loosse bewosst britesch Basen op Zypern fir dat mir all Wuert héieren wat am Noen Osten geschwat gëtt. Mir wëssen, datt d’Russen an d’Chinesen Cyber-Attaquen lancéieren, géint Estland, d’USA an anerer. Just eng Partie Lëtzebuerger schénge nach ëmmmer ze mengen, datt de Computer do wär fir op Party-Säiten ze surfen. Si mir wierlech sou naïv?

Dat däerfe mir awer net sinn! Mir hunn hei am Land eng international Finanzplaz (Gambia mecht déi zwar lo futti) an eng Rei vun Industrien déi fuerschen (idem). Mir hu Geheimnisser ze schützen, an der Economie an als Staat, besonnesch als Member vun der NATO. Mee eng Sëcherheetskultur hu mir hei am Land nach net entwéckelt an dat ass en onverzeileche Feler. 

Ech erënnere mech nach, datt wou ech am Bausseministère ugefaang hunn, net an all Büro e Coffre-fort stoung. Wéi ass et haut?  D’Secrets-Dokumenter louchen op de Schreifdëscher verstreet an all Botzfra hätt se kënnen owends a Rou mathuelen oder fotograféieren. Wéi ass et haut?   Hunn eis staatlech Administratiounen all gesëchert Réseauen a securiséiert Back-upën vun all hire Fichierën? A wouhier! Hu mir Kontrollen fir de Schutz vu Geheimnisser ze garantéieren? Dat geng mech wonneren! 

Eise SREL kritt seng Informatiounen zu engem groussen Deel vun den USA an do nees vun der elektronescher Opklärung. Eis Sëcherheet gëtt de facto vun der NSA mat garantéiert. Villmools Merci, Amerika!

Wéini kréie mir endlech hei am Land e Gefill fir eng Sëcherheetskultur? De Status vun engem Mikro-Staat gëtt eis kee Fräischäin fir Verantwortungslosegkeet!

Bei den Amerikaner ass dat aanescht. Dat si Leit déi sech hirer Verantwortung bewosst sinn. Hei en Interview mam Här Generol Alexander, Kommandant vun der NSA.

 

Ech ka nëmme soen, datt ech frou iwwer déi Aarbecht sinn déi do gemaach gëtt. An amplaatz d’NSA ze kritiséieren geng ech eng enk Zësummenaarbecht mat hir sichen. De Schutz vun der Privatsphär ass sëcher e wichtegen Diskussiounsthema, mee den Aspekt gëtt an de Medien komplett disproportionnéiert duergestallt.  Et ass der NSA komplett egal, ob de Jemp oder d’Josefine grad op Facebook posten oder op Porno-Säiten ënnerwee sinn.

Mat der Madame Merkel hirem Handy ass et ähnlech. All Land lauschtert Politiker of. Un der Madame Merkel hirem Handy hänke wahrscheinlech och nach d’Russen, d’Chinesen an d’Bayern.  Just déi Lescht verstinn net alles wat si seet. Tatssach ass, dat Politiker méi liicht wéi anerer och Ziilscheif vu cibléierten Cyber-Attacke kënne sinn: virsätzlechen Démontage, Desinformatioun, gefälschte Mailen etc… Dat nennt een onfrëndlech Akten an ech geng och all Land vu sou knaschtege Methouden ofroden. Gemaach gëtt et leider trotzdem.  

Ech wär verwonnert wann net de Bundesnachrichtendienst geng dofir suergen, datt dem Hàr Juncker säin Handy ëmmer gutt fonctionnéiert. Iwwer den Handy si joerelaang Informatioune gelaf, déi déi däitsch Finanzinteressen an allergréisstem Moss betraff hunn. Wéivill Déngschter hunn de Chef vun der Eurogrupp wuel ofgelauschtert? An déi däitsch Sëcherheetsdéngschter waarden op déi däitsch Clienten virun eise Banken a wann si iwwer d’Grenz fueren waard de Bundesgrenzschutz schonn op si. Wer selbst im Glashaus sitzt, soll nicht mit Handys werfen!

Däitschland huet iwwregens och nach geklauten Daten-CDë kaf, déi op Banken am Ausland copéiert goufen. Dat nennt een an Däitschland „Hehlerei“. Och dat setzt Däitschland net an d’Lag fir anere Länner moralesch Rotschléi ze ginn.

Mir hunn als Lëtzebuerg international versprach fir 2% vum BNP fir d’Verdeedegung auszeginn. Mir leie wäit drënner, iergendwou bei 0,4 %, a mir sinn déi gréisste Sëcherheets-Schmarotzer am ganze fräie Westen op Käschte vun eisen amerikaneschen Alliéierten. Dee riisegen amerikaneschen Defizit gehéiert eis Lëtzebuerger zu engem Deel mat – dem Deel dee mir net proportional zu eiser Sëcherheet solidaresch mat droen.

Ier mir d’Amerikaner kritiséieren, denken ech, datt mir eis mol sollten an de Spigel kucken.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Der Madame Merkel hiren Handy

  1. Claude sagt:

    Ech deelen dës Analys complett. Ech hun och nach ni verstanen, wat besonnesch déi Gréng opféiere géint d’Videoiwwerwaachung. Den Notze läit och an der Opklärung vun Infractiounen, also an der nodréiglecher Auswäertung vun de Biller. Dat dréit zur Sécherheet bäi. Mat deene Gréngen ass nëmme sécher, datt näischt méi sécher ass, virun allem keng Wäerter!

Schreibe einen Kommentar zu Claude Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert