Wen haut (29.10.13) de Leitartikel am Journal gelies huet, dee krut wahrscheinlech en Abléck an dat wat lo op d’Land an op d’Fonction publique duerkënnt. Gutt, de Journal ass net grad dat selwecht wéi d’DP, mee déi Journalistin déi den Artikel geschriwwen huet, ass awer eng laangjähreg DP-Politikerin déi och nach aktuell Schäffen an der Stad ass. Si ass also „net keen“, wéi dat well sou schéin heescht.
Déi Damm fuerdert eng „dringliche Veränderung des Staates“ a wëll mol un éichter Plaz „die Anforderung der Dreisprachigkeit fèr Beamte und Angestellte des Staates kritisch (…) hinterfragen“. A weider: „Diese stellt nämlich Nicht-Luxemburger Bürger vor unüberwindbare Hürden, und führt in der öffentlichen Funktion allgemein zu Engpässen (…)“, an da kënnt d’Beispill vun de franséische Mathésproffen. U sech ass de Message kloer, wéinstens mol a menger Interpretatioun: fir zu Lëtzebuerg kënne Beamten ze sinn, soll ee kee Lëtzebuergesch méi misse kënnen. Wann hei relativ allgeméng eng „Lockerung der Sprachenklausel“ gefuerdert gëtt, ass et jo wahrscheinlech, datt et net ëm Franséisch geet.
Nët nëmmen, datt mir d’Walrecht den Auslänner ginn, nee och d’Fonction Publique soll lo hir lëtzebuerger Identitéit wechgeholl kréien! A mir Lëtzebuerger mussen da sëcher vu Kand un Franséich schwätzen an der Schoul mat den Educateuren, mat de Proffen an lo och nach op de Verwaltungen!
Dat gëtt et a soss KENGEM Land op der Welt. Néierens gëtt et sou eng Tendenz zum gesellschaftlechen a kulturelle Selbstmord wéi hei am Land.
Meng Positioun ass a bleift jiddefalls kloer: wen hei am Land wëll am Effentlechen Déngscht schaffen, muss net nëmmen (an op d’mannst) dräisproocheg sinn, mee e muss och onbedéngt an onverzichtbar Lëtzebuergesch kënnen. An all anerem Land vun der Welt passen d’Auslänner sech un hir Gaaschtnatioun un. A sou soll et och hei sinn! Ech si net domat d’accord datt hei zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger sech ëmmer méi mussen un d’Auslänner upassen.
Ech ralliéiere mech complett Äerem Artikel. Gesellschaftlechen a kulturelle Selbstmord ass d’Saach genee mam Numm genannt! Et sin och vill Auslänner, déi dës Entwécklung net verstin, well si et absolut normal fannen, datt et esou eppes an hirem Land eben NET gët, well sech d’Auslänner do un d’Land mussen upassen.
Firwat kommen da grad Lëtzebuerger op déi domm Iddi, datt dat hei misst anescht sin?? Dat si Leit net nëmmen ouni Wäitbléck a mat ganz egoisteschem a ganz limitéiertem Bléckwénkel (hinne geet et gutt a si sin ni selwer vun deene Saache betraff, iwwert déi si ganz theoretsch philosophéieren), mee och voll Hypocrisie, well si schwätzen ëmmer nëmme vun der franséischer Sprooch. Wat ass da mat den net francophonen Auslänner?? Gin déi ausgegrenzt?? Déi hun et elo scho schwéier, well d’Internetsäite vun de Verwaltungen an der Chamber praktesch ganz op franséisch sin!! A wou ass de Sënn, fir jidferee franséisch din ze léieren amplaz lëtzebuergesch? Firwat eng Sprooch duerch eng aner ersetzen, an zwar d’Nationalsprooch duerch eng friem Sprooch?? Wie lëtzebuergesch kann, léiert ganz liicht däitsch, eng aner Verwaltungssprooch zu Lëtzebuerg, déi och nach de Virdeel huet, datt Lëtzebuerger an net francophon Auslänner déi meeschtens besser beherrschen ewéi franséisch, oder iwwerhaapt emol beherrschen oder wéinstens verstin. Firwat ass d’franséisch viru Geriicht an an der Chamber als geschwate Sprooch ofgeschaaft gin??? Wa jidfefee lëtzebuergesch kann, ass keen ausgegrenzt.
Firwat huelen déi Leit, déi esou eng an aner domm Iddien hun, dann net Monaco als Beispill?? Dat läit matzen an Europa. Ech hun nach ni héieren, datt ee Monaco als ondemocratesch bezeechent hätt an do vun engem Democratiedefizit geschwat hätt. Traut do kee sech??? Watfir eng Hypocrisie! Et gët absolut kee Grond, fir als Lëtzebuerger Selbstmord ze maachen!!! Mir sollen an däerfe GENEEN EWÉI DÉI ANER NATIOUNE stolz (= och lëtzeb. Wuert) op eis sin an d’Auslänner, déi hei liewe wëllen, wëllkomm heeschen an hinne bei der Integratioun hëllefen, ESOU WÉI D’LËTZEBUERGER, DÉI AM AUSLAND LIEWEN, SECH AN DEEM LAND INTEGRÉIEREN! Dréngend ëmdenke mussen hei nëmmen déi Leit mat deenen zweifelhaften Iddien! Do géif z.B. en Openthalt vun engem gudde Joer an engem EU-Land, vun deem een d’Sprooch net kann, hëllefen!