Feminismus an d’Verleegnung vun der Natur vum Mënsch

Vläicht ass et awer den Afloss vun Halloween an de Wonsch no engem Grujelerliefnis, oder vläicht ass et nëmmen déi aktuell Debatt ëm d’Prostitutioun – sou genee wees ech et net. Emmerhin wor ech liesen, wat d’Madame Alice Schwarzer da grad sou schreift.   

Ech mengen et ass jo kloer, datt ech meeschtens diametral aner Positiounen vertriede wéi si. Mee dorop wëll ech lo mol net agoen.

Eigentlech wollt ech just an Erënnerung ruffen wéi déi feministesch Ideologie – fir iwwerhaapt bestoen zë kënnen – déi menschlech Natur, eis fundamental, biologesch Grondlagen verleegent. Op hirem Blog schreift si bei „Meine Positionen“:

Für mich ist Sexualität etwas sehr Privates und ganz Politisches zugleich. Unser Begehren ist kulturell geprägt und nicht biologisch determiniert.“

Ech mengen, alléng déi do Sätz weisen op ë gewëssen Duercherneen an der Madame Schwarzer hirer Gedankewelt hin.  Et stéiert mech net nëmmen, datt eng biologesch Evidenz verleegent gëtt fir „Politik“ ze maachen, et stéiert mech och dat de Politikbegrëff sou iwwerdeent gëtt, datt dat Privat säi geschützte Raum verléiert. Et ass nun eemol eng Charakteristik vum totalitären Denken, datt der Politik en  Universalkompetenzusproch zougestaane gëtt.

Genee sou ass d’Verleegnung vun der Biologie vum Mënsch eng Charakteristik vun totalitärem Regimer. Fir déi eng muss de Mënsch en „Uebermensch“ sinn, fir déi aner e „neie“ Mënsch, oder e muss sou oder sou ausgesinn, oder e muss besonnesch Charakterzich entwéckelen. De Feminismus an d’Gender-Ideologie ginn eigentlech nach e Schrëtt méi wäit wéi aner totalitär Konzepter an dem si eis „ent-mënschlechen“ an dem Sënn, datt eis biologesch Constitutioun net méi akzeptéiert gëtt, wëll se radikale Kreeser net an hir Gedankewelt passt. 

Dat wat d’Fortbestoen vum Mënschegeschlecht iwwerhaapt erméiglecht, nämlech déi géigesäiteg sexuell Attraktioun vu Mann a Fra gëtt hei als eng „kulturell“ Konstruktioun duergestallt. Da froen ech mech awer, op dat och soss an der Natur kulturell determinéiert ass?

Ech sinn a bleiwe ebe naïv. Fir mech ass souwuel d’Konstruktioun vun de respektive Geschlechtsorganer wéi de Prinzip selwer vum Entstoe vum neie Liewen iwwereestëmmend mat der reziproker a komplementarer sexueller Zougeuerdentheet vun denen zwee Geschlechter. Sexuell Loscht ass en agreable Niewephänomen vun der Sexualitéit, net hire Sënn an Zweck. 

Dat Leit kënnen aner Gefiller hunn ka virkommen. Dat verschidde Mënsche biologesch aanecht gebaut sinn, och. Dat läit a mengen An ausserhalb vun der sexueller „Norm“ – als „Standard“ definéiert a net als moralesch Wäertungskategorie –  an ass an dem Sënn eng „A-Normalie“.  Ech wëll Leit déi anecht fillen oder anecht sinn net méi schlecht a net besser behandele wéi anerer, ech wëll awer net déi Manéier wéi hir Sexualitéit ass „norméieren“ also zum Standard erhiewen.  Ech wëll och net eng net-reproduktiv Sexualitéit gläichsetzen mat enger reproduktiver – net konzeptuell an net rechtlech. An dem Sënn ass de Begrëff  vun der „Diskriminéierung“, dem  „Anecht-Behandelen“,  legitim wann en holistesch interpretéiert gëtt – an am Kontext vun der Sexualitéit kann dat nëmmen heeschen, datt déi Dimensioun vun der Reproduktioun an d’Interessien vun de Kanner musse mat abezu ginn. Alles aanecht ass e Reduktionismus op eng egoistesch Trieb- a Wonschbefriddegung.

Sexualitéit ass nët nëmmen eng Gefillswelt mee och den iwwergeuerdnete Prinzip dem eise Fortpflanzungsmodus entsprëcht, an den ass bei de Mënschen biologesch onzweifelhaft heterosexuell ugeluegt. Et gëtt kee Mënsch op dëser Welt, och keen Homosexuellen, dee net aus enger Fra an aus engem Mann entstaane wier.

An denen nächste Méint kréie mir hei zu Lëtzebuerg eng Legislatioun déi dene Prinzipie widdersprëcht. Dat ass net nëmmen en Drama fir déi Kanner déi dovu betraff sinn, mee et ass och e Verloscht fir eis politesch Kultur. Mir liewen an enger Gesellschaft déi wëll vergiessen datt diskriminéieren, also anecht behandelen, ka richteg a legitim sinn. Mir sinn net all an all Hinsicht gläich a mir sollen och net vun der Politik gläich gemaach ginn. Wéi schued, datt en eigentlech politesch lénke Begrëff – dee vun der „Gläichheet“ – zu enger dominanter Ideologie ginn ass!

Ech wëll keng Gläichheetsideologie a keng Gläichmaacherei, mee eng differenzéierend Gerechtegkeet. Dat bedeit awer den Opbau vun enger neier politescher Kultur, wech vun där aktueller „politescher Korrektheet“ – déi keng ass –  an hin zu enger Zréckbesënnung op déi eigentlech Grondlagen vun eiser Gesellschaft.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Feminismus an d’Verleegnung vun der Natur vum Mënsch

  1. Michelle sagt:

    Ech si ganz averstane mat dësem Artikel! Et gi Länner, déi a villem vill méi wäit sin, och mat dësem Thema, an zwar esou, datt si schonn nes ofkomm si vun deeër absurder Theorie, d’Geschlecht wir kulturell an net biologesch determinéiert! Hei am Land gët sech ower ëmmer nëmmen do un anere Länner orientéiert, wou et gewësse Leit an de Chrom passt. Esou wäert et dann nach eng Zäit daueren, wéi esou dack, bis déi Hypocrisie net méi ze justifiéieren ass, mee bis dohi ka vill futti gemaach gi sin…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert