Onfräiheet.lu

Déi politesch Lénk hei am Land huet sech an enger grousser Zuel vun Associatiounen organiséiert, dovun iwwregens vill vum Staat finanzéiert, déi hir Fuerderungen getrennt virdroen awer dach eent an dat selwecht Zil verfollegen: Zerstéierung vun der Famill, Zerstéierung vun der kathoulescher Kierch, Empolen vum Staatsverständnes. Déi ideologesch Iddien déi si droen reechen zréck bis an déi Franséich Revolutioun. Si hunn ni erkannt, datt „liberté“ an „égalité“ zwou Kategorien sinn, déi sech dacks géigesäiteg ausschléissen.   

AHA seet si geng „Fräiheet“ propagéieren an hir Säit  fräiheet.lu leet dovun e sproochlech Zeechnes of. Fir mech maache si awer de geneeë Géigendeel: si wëlle verhënneren, datt eis Kultur, an dozou gehéiert och d’Chrëschtentum,  an der ëffentlecher Schoul nach un déi nächst Generatiounen ka viru gereecht ginn. Mir wëssen all, datt sou Coursën wéi „praktesch Philosophie“, d’Relioun net enseignéieren, dem Schüler mol keng objektiv Iddi vun dem ginn wat Relioun ass, mee si héchstens nach karikaturéieren.  

AHA wëll net nëmmen d’Relioun zréck drängen mee d’Reliounsfräiheet u sech a Fro stellen. Well souguer déi Méiglechkeet vun enger Wiel, enger fräiwëlleger Entscheedungsméiglechkeet tëschent engem Reliounsunterrecht an eppes Anescht soll verschwannen. Wat fir eng Intoleranz! 

Vill Atheisten an eegenernannten „Humanisten“ wëllen d’Erzéiungsfräiheet vun den Elteren Schrëtt fir Schrëtt aschränken souwuel an der reliéiser Erzéiung wéi duerch hire Kampf géint d’Kannerdaf.  Si wëllen dat d’Kanner net méi duerch d’Famill mee duerch de Staat erzunn a norméiert ginn, sou wéi  ën Aldous Huxley et a séngen Horrorvisiounen virgezeechent hat. Den atomiséierte a loschtgebonnene Mënsch ass a Wierklechkeet net fräi, mee versklavt.

An dat Bild gehéiert och déi Fuerderung vun dene Lénken (de tous bords), datt de Stat sollt „neutral“ oder och spezifisch „wäertneutral“ sinn. Näicht ass méi schlëmm! Wann ën demokratesch kontrolléierte Staat net méi därf soen, wat gutt a schlecht ass,  wee mecht et dann? Wéi eng Roll huet da nach d’Politik? A wat bleift vum normative Charakter vun der Legislatioun? Ass et dann net vläicht sou, datt déi Lénk nëmme fir eng staatlech „Wäerteneutralitéit“ antrieden, soulaang si net selwer un der Regierung sinn?

Wat heescht da konkret „Wäerteneutralitéit“ an hiren An? Wat ass hir Gesellschaftsvisioun? Keng klassesch Famill méi, mee dofir eng voll Integratioun vu Fra a Mann an de Produktiounsprozess (an dat wéi schonn de Karl Marx et wollt), staatlech Beschäftegung an Endoctrinatioun vun de Kanner,  Ofschaafung vun alle Referenzen a Qualitéitsnormen an der Kulturpolitik, Zréckdréngung vun der Relioun aus dem ëffentleche Liewen, Zwangskollektivéierung, Entwäertung vun de Schoulen (well Bildung ass jo bekanntlech geféierlech), Politiséierung vum private Liewen.        

A wat heescht e „neutralen Werteunterricht“? Ass dat net eng Utopie? Soll alles wat iergendeen als „Wäert“ definéiert lo onkommentéiert well wäertneutral als gläichwäerteg duergestallt ginn? Vum Nietzsche senger Uebermeschenideologie bis hin zu de Killing fields à la Pol Pot?

Nee, AHA bréngt keng Fräiheet, mee d’Diktatur vum Relativismus wa net souguer nach vill méi Schlëmmes. AHA ass eng intolerant Organisatioun an eng Gefor fir eis Kultur, eis Familljen an eis Gesellschaft.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

5 Kommentare zu Onfräiheet.lu

  1. Kim Greis sagt:

    Kanner sollen d’Fräiheet kréie selwer ze decidéieren ob oder a wat fir eng Relioun se antriede wëllen. Soulaang si eng Relioun vun hiren Elteren opgezwonge kréien existéiert en Manque u Fräiheet fir d’Kand. Dofir ass en neutrale Wäerteunterrecht deen de Kanner déi grouss an och e puer méi kleng Relioune presentéiert essentiell.

  2. Marion sagt:

    Dee Wäerteunterrecht, dee proposéiert gët, ass ower net neutral! Ech sin absolut dergéint, datt esou en Unterrecht de Kanner an den Elteren opgezwonge gët! Scho guer net vun enger Minoritéit, an déi ass et, wa jo gutt 60% vun de Schüler an de Lycéeën am Reliounsunterrecht sin an nach méi an der Primäschoul! Et ass och esou, datt jidfereen d’Méiglechkeet huet tëscht dem Reliounsunterrecht an dem Moralunterrecht ze wielen, dofir gët et iwwerhaapt kee Grond, fir elo jidferengem e sougenannten Ethikunterrecht opzezwéngen. Wann de Reliounsunterrecht soll ofgeschaaft gin, dann op jidfer Fall och de Moralunterrecht, well deen ass als Alternativ agefouert gin fir déi, déi net an de Reliounsunterrecht wëlle goen an dee verléiert domat seng Justificatioun.
    Wie vun engem „Manque u Fräiheet“ fir d’Kand schwätzt, muss esou e „Manque“ an allem gesin, wat d’Eltere fir hir Kanner decidéieren, z.B. wa se op hir Ernierung oppassen an hinnen net all Dag Fast Food a illimitéiert Séissegkeeten erlaben, oder och ob se iwwerhaapt wëllen an d’Schoul goen an a watfir eng, ob se wëllen Hausaufgabe maachen, etc.etc.! D’Eltere sin och do, fir hire Kanner selwer Wäerter ze vermëttelen, si ze begleeden an ze beroden an hinne bei hirer Wiel ze hëllefen amplaz si eleng ze loossen oder Friemen ze iwwerloossen. Eng fraï Wiel kann nëmmen ee maachen, dee weess, tëscht wat e wielt. D’Elteren hun als alleréischt Verantwortung hire Kanner géintiwwer! Friemen alles ze iwwerloossen huet mat Fräiheet iwwerhaapt näischt ze doen!

  3. TiMue87 sagt:

    Fräiheet bedeit fir mech ganz kloer, datt een fräiwëlleg an den chrëschtlechen Religiouns-Unterrecht kann goen an net gezwongen gët an engem suspekten „Wäerte“-Unterrecht, ominéis Idealer indoktrinéiert an komesch Philosophien agetriichtert zu kréien!

  4. Jacques Guddebour sagt:

    Däer ganzer Schouldiskussioun feelt a mengen Aen den Aspekt, op d’Schoul responsabel ass, ‚Wäerter‘ ze vermettelen.

    Wann se et net ass, brauche mer kee Werte-Unterricht an der Schoul. Awer och keen Reliounsuntericht respektiv Moral-Unterricht.

    Wann se et ass, da kenne mer jo awer net dervun ausgoen, dass d’Schüler je no reliéise Präferenz verschidde Couren beleen sollen – da muss et een inklusive Cours ginn.

    • Patrick sagt:

      D’Fro ass op d’Gesellschaft verantwortlech ass, hieren Bierger Wärter ze vermëttelen. Menger Meenung no jo, an fir daat ze machen, fiert een iwert d’Schoulen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert