Dem Här Bernd Lucke (AfD) säi Schreiwes iwwer den Islam

Den Här Lucke, dem senger Partei et bei dene leschte Walen bal gelonge wor fir an de Bundestag ze kommen,  huet e puer Thesen zum Islam publizéiert déi ech ganz interessant fannen. Wéinstens huet eemol e Politiker de Courage fir e kohärente Konzept fir den Emgank mam Islam ze presentéieren. Hei am Land ass jo och nëmmen der ADR hire Walprogramm op den Islam méi genee agaangen.  

An e puer Punkten halen ech dem Här Lucke seng Iddien fir ze moderat. Ech ka mir z.B. net virstellen, datt muslimesch Fraen Kleedungsviirschrëften wéi z.B. eng Burqa ëmmer fräiwëlleg akzeptéieren (Punkt 4). Enner anerem dowéinst sinn ech fir e Verbuet vun der Burqa.

Am Punkt 8 géng ech och vill méi decidéiert fuerderen, datt Immigranten déi an eis Gesellschaft awanderen, ob dat Buddhisten, Animisten, Atheisten oder Muslime sinn, musse bereet sinn fir sech op der Basis vun de Wäerter vun eiser jüdesch-chrëschtlecher Kultur ze integréieren. Wen heihi kënnt ka seng Relioun selbstverständlech fräi ausüben (wann en eng huet an se net géint eise Rechtsstaat verstéisst), awer eis Gesellschaft gëtt a kenger Form islamesch oder buddhistesch. An dem Punkt soen ech kloer an däitlech: wen déi rechtlech a kulturell Wäerter vun eiser Gesellschaft net akzeptéiert, dee brauch jo net heihinn ze kommen. Et gëtt ausser Lëtzebuerg nach iwwer 190 aner Staaten op dëser Welt a kee gëtt gezwongen fir grad bei ons ze kommen. A Saudi-Arabien, am Myanmar an am Iran gefällt et bestëmmt och dem Engen oder Aneren.      

http://de.ibtimes.com/articles/26588/20131101/bernd-lucke-ber-den-islam-und-was-zu-deutschland-geh-rt.htm

Aktualiséierung (8.11.13):

http://www.welt.de/politik/deutschland/article121656967/AfD-Chef-Lucke-zettelt-Islam-Debatte-an.html

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert