„Eh ben, de Bettel seet neen!“

Am Wort vun de Samsdech, 2. November 2013, stoung en héig interessante Lieserbréif vum Här Yves Karier. Am éichten Deel vu sengem Artikel erënnert den Här Karier un en Interview mam Här Bettel am RTL-„Background am Gespréich“ vum 2. Februar 2013.

Well déi Aussoen vun eisem zukünftege Premier an dem Interview, so mer mol, net ganz belaaschtbar woren, ass et interessant si och hei nach eemol ze dokumentéieren.

http://radio.rtl.lu/emissiounen/background/388319.html

Hei sinn déi Zitater:

9’25“:  RTL:“Dat heescht, dat Dir net an d’Regierung gitt? Egal wat geschitt?“

XB: „Jo, egal wat geschitt!“

10’10“: „Ech stinn zu mengem Wuert. (…) Ech verstinn, dass verschidde Leit et net verstinn, well se soen hei: Wann ën d’Méiglechkeet huet an eng Regierung ze goen, do seet een dach net net nee fir Minister ze ginn. Eh ben, de Bettel seet neen!“

11’05“: „Ech sinn op d’mannst sou éierlech (…). D’DP, wann se an d’Verantwortung kënnt, de Bettel bleift Parteipresident, de Bettel geet net an eng Regierung (…). Dat ass esou, mee op d’mannst hunn ech déi Eierlechkeet ze soen, dass ech 2014 net gewëllt sinn an eng Rgeierung ze goen.“   

Souwäit den dokumentareschen Deel.

Politesch ass den Interview do, fir mech jiddefalls,  en däitlechen Hiwäis op e Manktum un Iwwerleeung a Visioun  bei engem lëtzebuergesche Spëtzepolitiker. Den Här Bettel dréint a kierpt sech  duerch e Gewulls vu Verspriechen op gemengepoliteschem Plan,  Erwaardungen vu senger Partei an nach enger Rei vun aneren Elementer.  

Den Här Bettel gëtt seng Gemeng lo op. Am Joer 2017 kann hien natierlech och net an de Gemengewalkampf a vun 2018 un, ass hien och net méi Premier. Ech gi fest dovun aus, dat déi zukünfteg Lénkskoalitioun an dene nächste Walen ënnergeet, zwar ouni „Glanz a Gloria“ mee dofir mat engem katastrophale Bilan.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert