Pssssst! D’Agentin Viviane Reding spionéiert fir Europa!

D’Madame Viviane Reding , eng hoffentlech-net-méi-laang-EU-Commissärin, huet proposéiert, datt d’EU sollt hiren eegene Geheimdéngscht kréien. Domatt hätte mir dann nach e grousse Schrëtt a Richtung europäesche Federalstaat gemaach. 

http://euobserver.com/justice/121979

Déi Propositioun ass onrealistesch, iwwerflësseg, geféierlech an ondemokratesch.

Si ass onrealistesch, well déi europäesch Staaten am Kontext vun der Europäescher Baussen- a Sëcherheetspolitik net ëmmer mat enger Stëmm schwätzen. Virun allem – awer nët nëmmen – déi zwee permanent Memberen am UN-Sëcherheetsrot bestinn op hirer Souveränitéit a baussepolitesche Froen. Den Hannergrond ass ganz einfach den, datt déi europäesch Staaten a baussepoliteschen an economesche Froen dacks ënnerschiddlech Interessen hunn an och vertrieden.   

Si ass iwwerflësseg, well  d’Geheimdéngschter, virun allem déi vun de NATO-Länner, souwisou schonn enk zësumme schaffen. Amplaatz nei Geheimdéngschter ze schaafen, sollte mir eis national Geheimdéngschter anstänneg equipéieren a finanzéieren fir datt si Aarbecht kënnen ënner optimale Conditioune maachen.

Si ass geféierlech, well eng Proliferatioun vu Geheimdéngschter zu enger Oniwwersiichtlechkeet ka féieren an zu engem Manktum u Kontroll. Virun allem ass et net akzeptabel, datt d’EU sech wëll an enger geheimdéngschtlecher Konkurrenz zu den USA gesinn. Wëll d’Madame Reding d’USA ausspionéieren? A wéi eng Kompetenzen hätt sou en europäesche Geheimdéngscht um europäeschen Territoire? Wéi géng d’Koordinatioun mat dene nationalen Déngschter ausgesinn?

Si ass  ondemokratesch, well d’Kontroll vu sou engem europäeschen Déngscht vu sou  diskutablen Institutiounen wéi der EU-Kommissioun an dem EU-Parlament géng gemaach ginn. An déi missten fir den Zweck nach vill méi Kompetenzen a méi Muecht kréien.

Neen, Madame Reding, eis europäesch Geheimdéngschter sollen zësummeschaffen, seélbstverständlech och mat eisen amerikaneschen a kanadesche Frënn, mee en europäesche  Geheimdéngscht brauche mir net!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert