„Déi konservativ Säit“ krut haut Post vun dene jonke Gréngen. Dofir en häerzleche Merci!
Si huelen an hirem Bréif Bezuch op den Artikel „Méi Gréng, manner Verantwortung“, den hinnen anscheinend besonnesch gutt gefall huet. Ech muss also wahrscheinlech nach méi dacks op déi Gréng an hir politesch Iddien agoen.
Ech hat an dem Artikel ënner anerem d’Vulgaritéit, d’Verantwortungslosegkeet an den Egoismus an dene grénge Campagnen kritiséiert.
Si schreiwen doroppshin:
„(…) Wir wollen uns vom Schubladendenken verabschieden und unser Leben und unsere Sexualität selbst in die Hand nehmen! Dafür brauchen wir keine Anleitung oder Vorgaben aus dem konservativen Lager, denn wir wissen selbst, was wir wollen und was gut für uns ist!
(…)
klitorale Grüsse aus dem tiefsten Loch in Luxemburg,
déi jonk Gréng“
Léif jonk Gréng,
Dir hutt mech iwwerzeegt! Bis elo hat ech geduecht, Dir wärt an Aeren Aussoe primitiv a vulgär, mee bei sou vill vornehmer Eloquenz, Eleganz an Distinctioun muss ech mäin Uerteel natierlech corrigéieren. Aer dichterech Qualitéiten stinn denen vu dene Gréissten an näicht no!
Et freet mech besonnesch, datt Aer Partei lo Regierungsverantwortung kritt. Ech huelen un, datt och geschwënn déi offiziell Bréiwer sou geblimmelt a plastesch ënnerschriwwe ginn, wéi Dir dat hei virgezeechent hutt.
Da bis geschwënn, op dëser Plaz!
Mat konservative Gréiss,
Fernand Kartheiser
Do kann ee schonn net méi soen, déi jonk gréng hätten en niddregen Niveau, nee, si hu guer keen! Esou Leit sin net productiv, mee exclusiv destructiv! Si maache mir et esou ganz einfach, fir ze wëssen, wat ech NET wëll a wat NET gudd fir mech ass: déi gréng!