D‚tageblatt mecht sech lo scho Suergen em d’Europawalen.
An engem Artikel dee mat „AFP/tageblatt.lu“ ënnerschriwwen ass, http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/18705818, gëtt festgestallt: “ Denn überall in Europa gewinnen euroskeptische oder gar europafeindliche Parteien an Zulauf:“ Dat ass jo wierklech keng Iwwerraschung, well et ass nun eemol eng Tatsaach, datt ëmmer méi Leit an Europa ës mat där aktueller Europapolitik méi wéi genuch hunn a sech nees méi nationalstaatlech Kompetenzen wënschen.
Interessant ass awer, datt grad e ganz lénken SPD-Politiker wéi den Här Jo Leinen, http://de.wikipedia.org/wiki/Jo_Leinen, gär hätt, datt d’Kierchen sech sollen amëschen fir eng „europäesch Front“ ze maachen:
„Auch gesellschaftliche Kräfte wie Gewerkschaften, Kirchen und Teile der Zivilgesellschaft müssten vor der Wahl für Europa mobil machen: „Was wir brauchen, ist eine europäische Front“.“
Engersäits hätten d’Sozialisten also gär eng Trennung vu Kierch a Staat, anerersäits hätte si gär datt d’Kierchen eng Politik maachen déi hir politesch Ziler ënnerstëtzt. Dat ass weder konsequent, nach weist et Respekt virun de Kierchen, déi jo hei just zu Handlanger vun der sozialistescher Europapolitik sollen ernannt ginn.
De Kierchen kann et awer am Prinzip egal sinn, wéi eng europäesch Institutioun oder wéi e Staat wat genee ze soen huet. Wat d’Kierchen awer onbedéngt misst interesséieren, ass dat Europa nees chrëschtlech gëtt, datt eis jüdesch-chrëschtlech Zivilisatioun nees kann opbléien, an datt eng Kultur vum Liewen déi lénk Kultur vum Dout ersetzt.
Lénksparteien kënne keng politesch Alliéierter vun de Kierche sinn. Sie hetzen dach dauernd géint d’Kierchen, géint d’Reliounen a géint d’Priister! Si wëllen dach an hirem federalen Europa eng Politik maachen, déi de geneeë Géigendéil vun dem ass wat d’Kierche sech misste wënschen. Sozialisten, Grénger a Liberaler sti fir Homo-Bestietnis, Gender-Politik, Ofdreiwung, Euthanasie, Verbuet vum Reliounsunterrecht a sou weider!
Wéi sot den däitsche grénge Politiker Cem Oezdemir dach nach sou schéin? Eng jüdesch-chrëschtlech Kultur gëtt et iwwerhaapt net! Wéi kënne sou Leit dann op eemol wëllem Alliéierter vun de Kierche sinn?