An der Baussen- an Entwécklungspolitik an och soss schwätzen déi Gréng jo sou gär vu Kohärenz. „Déi konservativ Säit“ wëll dowéinst eemol kucken wéi et da parteiintern bei dene Gréngen mat der Kohärenz ausgesäit. Als Beispill hi mir haut – um Dag vum Patronatsfest vun der Arméi – mol d’Verdeedegungspolitik eraus gesicht.
Bei dene Gréngen steet dat hei am Walprogramm:
„die berufliche und praktische Ausbildung der Armee-Freiwilligen verbessern und sie angemessen auf das Berufsleben im Anschluss an ihren Dienst vorbereiten. Die Reform der Armee von 2008 hat die Armee und die Ausbildung der Rekruten zwar auf Auslandseinsätze hin orientiert, dabei ist jedoch die Vorbereitung der Soldaten auf den Übergang zum zivilen Berufsleben vernachlässigt worden. Dies werden wir verbessern;“
Si sinn also jiddefalls mol net fir d’Ofschaafung vun der Arméi.
Déi jonk Gréng denken do anecht: „DJG sind der Meinung dass Luxemburg kein eigenes Militär braucht (…) DJG sind für die Abschaffung der Armee im Sinne einer Umstrukturierung hin zu einem zivilen Corps bestehend aus medizinischem und technischem Hilfspersonal.“ (sou steet et op hirer Spaweckssäit).
Siwe Memberen vun dene jonke Gréngen wore Kandidaten op dene grénge Lëschten fir d’Walen. Fir wéi eng Verdeedegungspolitik sinn si dann an d’Wale gaangen? Fir d’Ofschaafung vun der Arméi oder fir hir Verbesserung? A wéi eng Politik vertriede si lo? Déi jonk Gréng haten iwwregens och nach en eegene Walprogramm publizéiert, wou awer iwwer d’Arméi näicht gesot gouf.
Sinn déi jonk Gréng da lo fir d’Arméi oder géint d’Arméi? Oder si si just an der Walcampagne fir d’Arméi a soss géint d’Arméi? Affaire à suivre…
Kloer hunn déi jonk gréng (als eenzeg Jugendpartei) en eegenen Programm, dee mer och probéieren bei der Mammepartei mat afléissen ze loossen. An dass mer als Jugendorganisatioun bësse méi „radikal“ Fuerderungen hunn, ass jo awer och kee Problem. Dat huet näischt domat ze dinn, dass een net kohärent ass, mä dass d’Jugendpartei net einfach eng 1:1 Spiggelung vun der Partei ass, sou wéi dat vläit bei anere Jugendparteien de Fall ass. 😉
Trotzdem bleiwt een Mangel un Kohaerenz wann ech gleichzeiteg een „Jonken Grengen“ sinn an op der Lescht vun deenen “ alen“ Grengen kandideiren. Fiir wat steet den Kandidat ? Fiir den Programm vun deenen “ Jonken Grengen“ oder fiir den Programm vun deenen „alen“ Grengen? Oder stinn sie fiir Alles an Neischt?
Dat ass dach normal, et ginn dach bestemmt och Differenzen tescht dem ADR an dem ADRenalin, oder Här Kartheiser? Sou wäit ech wees huet den Joe Thein sech fir d’Bestiednis vun den Homosexuellen an och fir d’Adoptioun ausgeschwat, woubäi den ADR do éischter skeptesch ass, oder?
Gudden Owend!
Ech muss Iech leider enttäuschen. Den ADR-Walprogramm gesäit eng Léisung fir homosexuell Koppele vir, déi souwuel den Här Thein wéi och ech mat droen. Mir sinn also fir een an dee selwechte Programm an d’Wale gaangen.
„Für homosexuelle Paare, die de facto in einer Situation sind, in der sie Kinder erziehen, sollte über die Einführung eines „de facto- Elternstatuts“ nachgedacht werden. Hier ginge es darum die Rechte der biologischen Eltern – sofern sie noch leben – sowie der „de facto-Eltern“ so zu regeln, dass weder die Natur der Ehe oder der Familie, noch die Rechte der Kinder auf Wissen um ihre Abstammung eingeschränkt würden. Vielmehr ginge es darum, im höheren Interesse der Kinder pragmatische Lösungen für praktische Probleme zu finden.“
Mat beschte Gréiss,
Fernand Kartheiser
Majo, dat läit ganz an der Traditioun: déi gréng hu sech jo schonn emol gespléckt. Esou vill confus Iddië sin och net ënnert een Hutt ze bréngen! Si sin NET cohärent, egal mat watfir enge Wieder déi gréng dat och versichen anescht duerzestellen! An de Grond firwat datt se net cohärent zin ass, datt se vu ganz villem, wou se matschwätzen, näischt verstin an et hinne complett u Wäitbléck feelt!