Feministesch Barbarei: Däerf Kino nach Konscht sinn?

Wee mengt Feministinnen géngen an de Kino goen fir d’Aesthetik vun engem Film ze genéissen, seng Aussoen ze stodéieren, sech vu sénger Romantik verféieren ze loossen, vu Spannung an Opreegung ze zidderen, sech Gedanken iwwer d’Leechtung vun de Schauspiller oder vum Regisseur ze maachen, den huet ganz einfach Onrecht. Feministinnen ginn an de Kino mat enger Stoppauer, engem Recheschieber fir kënne bis zwee ze zielen an engem Tounband.

Bis lo wor mir nach net kloer wat an enger „Ladies‘ night“ am Kino sou alles geschitt. Et gouf zwar Rumeuren iwwer Lesbenowender, déi een natierlech net däerf gleewen an déi ech och entsat vu mir weisen,  mee d’Wouerecht wor bis well nach nët bekannt. 

Abee, et gëtt do vu fläissege Feministinnen gezielt wéivill Fraen am Film  wéi laang ze gesi sinn, wéi hiren Image anzeschätzen ass, ob si „stereotyp“ Rollen hunn an iwwer wat si schwätzen an dat alles fir d’Gläichheet an de Filmer kënnen rechnerech ze verifizéieren an duerchzesetzen. An d’Frae musse natierlech och iwwer eppes anecht schwätzen wéi iwwer Männer – iwwer flott Fraen zum Beispill.

De Feminismus wëll sech also och lo an de Konschtformen duerchsetzen. Hu mir och geschwënn eng Zensur fir Biller, Skulpturen an Theaterstécker politesch korrekt ze norméieren? Musse mir d’Operen ëmschreiwen, aus dem Sarastro eng Sarastra bastelen an aus dem Osmin eng Osmina maachen? Huet de Papageno geschwë keng Papagena méi, mee en homosexuelle Partner mat dem ë Kanner adoptéiert? A mussen an Zukunft ëmmer d’Männer d’Fraerollen am Ballet danzen?

De Feminismus ass näicht anecht wéi eng totalitär Ideologie déi wëll eis ganzt Denken aspären an eis Fräiheet zerstéieren fir seng pervers gesellschaftlech Viirstellungen ze imposéieren. 

Déi do Entwécklungen komme natierlech nees aus Schweden. Mee d’Dommheet kennt keng Grenzen a geschwë wäert et eng EU-Direktiv iwwer d’Zerstéierung vun der Filmkonscht ginn. D’ADR stëmmt couragéiert dogéint, an all déi aner dofir. Dat mecht dann 3:57 géint d’Fräiheet vun der Konscht. Brave new world!

http://www.filmstarts.de/nachrichten/18481327.html?utm_source=feedburner&utm_medium=feed&utm_campaign=Feed%3A+fs%2Fnews%2Ffilmnachrichten+(Filmstarts+RSS%3A+movie+news)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert