An Ungarn gouf 2011 mat Hëllef vu Suën vun der EU-Kommssioun, dat heescht och mat eise Steiergelder, eng Campagne am Kader vun der europäescher Sozialagenda lancéiert. Et goung an där Campagne haaptsächlech ëm d’Aarbechtslosegkeet a Chancegläichheet.
Ungarn, dat wéi bal all westlech Länner ënner engem dramatesche Gebuertendefizit leid, hat an dem Kader och eng Plakataktioun gemaach fi d’Zuel vun den Ofdreiwungen ze reduzéieren. D’Leit sollen d’Kanner liewe lossen a si zur Adoptioun fräiginn amplaz si ofzedreiewen.
Doroppshin hu – virun allem – eng Handvoll vu lénksradikalen Europadeputéierten protestéiert. D’Madame Reding (CSV!!) huet dunn direkt vun Ungarn verlaangt mat där Campagne opzehalen, soss misst et mat finanzielle Sanktioune rechnen.
„Déi konservativ Säit“ hofft jiddefalls, dat d’Madame Reding geschwënn keng Roll méi an der Politik spillt.