An der Press zirkuléieren jo eng Rei Nimm vu Leit, déi eventuell fir eng Regierungsfunktioun kéinten a Fro kommen. Dobäi ginn an der DP och den Här Berger an d’Madame Cahen genannt.
Den Här Berger, Zweetgewielten am Süden, wor schonn eemol Staatssekretär. Ech hu Problemer mat sénger Astellung géintiwwer de Reliounen a speziell dem Chrëschtentum.
Op der Internetsäit vun AHA steet den Här Berger mat dëser Ausso:
an där hien ënner anerem seet: „An d’Relioun, déi sech dovun ofleed, dat as d’Enn vun dem Wichtegsten wat mer hun, der Fraïheet!“ Ech halen dat nët nëmmen fir e ganzt verkierzten, philosophescht Denken, mee sou eng Ausso ass och eng politesch Relativéierung vun der Reliounsfräiheet u sech. Wann den Här Berger d’Relioun als Enn vun der Fräiheet begräift, kann hien da nach glaafwierdeg fir dat Mënscherecht vun der Reliounsfräiheet antrieden? Op dësem Blog („Här Berger, hu mir sou eng Reklamm néideg?“) steet dann och en Artikel aus enger däitscher Zeitung an dem den Här Berger – vollkommen zu Recht – kritiséiert gëtt, wëll hien engem besuergten däitsche Chrëscht, den him am Kader vun der Debatt ëm d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung geschriwwen hat, geäntwert huet:
„Religiöser Fundamentalist! Fuck you!“
Fir mech ass den Här Berger domat keen akzeptablen Kandidat fir eng Regierungsfunktioun.
D’Madame Cahen, Fënneftgewielt am Zentrum op der DP-Lëscht, ass politesch, souwäit ech wees, en onbeschriwwent Blat. Si ass eng fréier Journalistin, lo eng Geschäftsfra an eng Damm déi sech selwer als „Babbel“ bezeechent. Dat versprëcht jo mol eng gewëseen Transparenz…
Wat mech bei hir stéiert, ass dat si sech op hirer Facebook-Säit dofir ausgeschwat huet, e bestëmmte Kriminellen ze folteren (Quell: Feierkrop 8.11.13). Si huet déi Propositioun allerdéngs nees zréck gezunn.
Trotzdem erwaarden ech mir vun engem potentielle Minister ee méi viirsiichtegen Emgank mat de Prinzipien vun eisem Rechtsstaat a, virun allem, mat dem Grondstack vun eiser Zivilisatioun. Ech woe net mir virzestellen, wat hei am Land lass wär wann iergend ee Gewielten oder och mol net Gewielten vun der ADR d’Neesaféierung vun der Folter verlaangt hätt! D’Land wär alt nees ze kleng gewiescht. Bei der DP gëtt awer doriwwer an de Medien net geschwat.
Jiddefalls wäert ech ganz gutt op dat oppassen, wat d’Madame Cahen an der Politik nach sou u Propositioune bréngt.
Ech wär jiddefalls frou, wann d’DP mol intern hire Leit e klenge Rappel iwwer sou wiichteg Saachen wéi Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet géng maachen.