D’Madame Caroline Mart hat gëschter eng interessant Kloertext-Emissioun, an där si et souguer fäerdeg bruecht huet, d’ADR fir eemol mol net direkt an oppen als riets-national-radikal-extremistesch-faschistesch Kannerfréisser ze porträtéieren. Dat wor fir mech déi eigentlech Iwwerrraschung vum Owend. Wor si krank? Duercherneen? Hat si hir Noten vergiess? Oder d’Instruktiounen vum RTL-Verwaltungsrot?
http://tele.rtl.lu/emissiounen/kloertext/484717.html
Wéi och ëmmer, et gouf e puer interessant Passagen an där Emissioun. Interessant wor zum Beispill, wéi den Här Siweck sech drëm beméit fir eng gewësse Fräiheet géintiwwer souwuel der CSV wéi och der Kierch eraus ze schloen. Dat éicht begréissen ech, dat zweet nëmme bedéngt. Wann och déi aktuell kathoulesch Féierung massiv protestantiséiert, sou wär et awer dach wichteg, datt et eng chrëschtlech Zeitung hei am Land géif ginn. Chrëschtlech Wäerter beschränke sech awer beileiwen net op déi sozial Froen – sou wichteg déi och sinn.
Interessant och, déi Fro vun der Madame Wagner iwwer dat Verhältnis CSV-ADR an der Oppositioun an d’Aentwerten vun den Hären Zeimet a Siweck. Och op dësem Blog gouf déi Fro direkt no de Wale gestallt.
U sech ass et ganz einfach: d’CSV MUSS sech inhaltlech nei positionnéieren well si soss iwwerhaapt keng Substanz huet fir Oppositioun ze maachen. Bis lo gouf et jo kaum Ennerscheeder tëschent det CSV, der LSAP, dene Gréngen an der DP. Mat där personeller Erneierung déi hoffentlech geschwë kënnt, dat heescht konkret dem „Wegloben“ vum Här Juncker an den europäeschen Elysium, MUSS also och eng nei Politik kommen, an dat geet nun eemol nëmme no riets. Anscheinend gëtt et nämlech lénks vun der CSV scho siwe Parteien (wat allerdéngs a priori schwéier ze gleewen ass, wëll d’CSV steet jo selwer scho wäit lénks vun der Mëtt). De Walprogramm vun der CSV wor iwwregens an der Essenz e Compendium vum Här Juncker sengen Iwwerzeegungen.
Den Här Siweck huet allerdéngs keng richteg Analys gemeet, wou hie geméngt huet d’ADR wär eng Protestpartei. Dat ass si scho laang net méi, jiddefalls net méi wéi iergend eng aner Partei. D’ADR ass déi sozial-konservativ Kraaft hei am Land, konkret eng kloer Programmpartei, dee rietse Flillék vun der biergerlecher Oppositioun an déi eenzeg Partei riets vun der Mëtt. Wann d’CSV lo wëll oder muss méi no riets réckelen: welcome! Och den Här Zeimet muss nach verstoen, dat eng CSV iwwerhaapt keng aner Wiel huet! A mir bei der ADR si jo keng Carrièristen mee Idealisten a Patrioten, eis geet et ëm d’Saach. Wann d’CSV also wëll eis Politik maachen, tant mieux! Dat sollen all déi aner Parteien roueg och maachen! Jiddefalls huet d’ADR déi besser Politik an déi besser Konzepter, inklusiv an dene sozialen Dossieren.
Mee d’CSV huet nach e ganz laange Prozess viru sech. Bis den Här Juncker fort ass, bleift si blockéiert. An dono komme schwéier Zäiten, souwuel personell wéi inhaltlech. Dat einfachst an dat séierst ass, si trëtt dann der ADR bäi.