An der Tierkei gëtt et zënter 2009 eng Televisiounsserie déi Ayrilik (Trennung) heescht an déi op der staatlecher Televisioun gewise gëtt. Et ass eng Serie déi Israel als e Staat duerstellt, dee kaalbliddeg Kanner ëmbréngt. Duerch eng komplett verfälschten Presentatioun vum israelesch-palästinenseche Konflikt séint dëss Serie net nëmmen absichtlech Haass géint Israel mee si huet, a mengen An, och en anti-semitesche Charakter. Déi Serie gouf souwuel vun Israelien wéi och vu Palästinenser schaarf kritiséiert. Am Joer 2009 gouf den tierkeschen Ambassadeur an Israel wéinst där Emissioun bei den israelesche Bausseminister geruff.
http://en.wikipedia.org/wiki/Ayr%C4%B1l%C4%B1k
Déi Serie ass a mengen An vollkommen inakzeptabel. Ech gesi kee qualitativen Ennerscheed tëschent där tierkescher Haasspropaganda an där déi een aus nationalsozialisteschen Zeitungen aus den 30er Joere kennt.
Warnung: Hei ass e Beispill, dat awer op kee Fall vu sensible Leit soll gekuckt ginn!
Trotz dem israelesche Protest, huet déi staatlech tierkech Televisioun déi Haasspropaganda viru gewisen.
http://www.haaretz.com/news/turkey-won-t-cancel-tv-show-depicting-israelis-as-killers-1.5972
Sou staatlech toleréiert oder souguer encouragéiert anti-semitesch Ligepropaganda ass fir mech nëmmen e weidere Grond fir d’Bäitrëttsverhandlungen tëschent der EU an der Tierkei ze stoppen. Ech hunn ni verstaan wisou déi lëtzebuergesch Regierung a besonnesch den Här Asselborn e Land sou ënnerstëtzt dat e groussen Deel vun der Republik Zypern militäresch occupéiert, dat seng vertraglech Obligatiounen géintiwwer der Unioun net anhällt, dat enorm Problemer mat dem Respekt vun de Mënscherechter huet an dat och nach anti-semitesch Haaspropaganda mecht.
Déi nächst Regierung kann sech schonn op e puer Froe an dem Kontext viirbereeden. Fir hir ze hëllefen: déi tierkesch Säit behaapt déi Uniformen génge jo just denen israeleschen Uniforme gläichen, mee et wäre keng israelesch Uniformen… Aentwerten op dem do Niveau brauche wuel kee weidere Kommentar.