De Widderstand géint déi „politesch korrekt“ Gesetzer

Déi Allianz vun dene rietse Parteien an Europa kann mech absolut net iwwerraschen. Vill Leit hunn ës zum Beispill méi wéi genuch mat där penibler Aschränkung vun der Meenungsfräiheet déi mir an eise Länner well hunn, zum Beispill wann et ëm d’Problemer mat der Immigratioun geet. Déi Begrëffer „Diskriminatioun“, „Rassismus“, „Extremismus“, „Xenophobie“  an nach vill anerer ginn als politesch Waffe mëssbraucht a bezeechne scho laang net méi dat wat si ursprünglech gemengt hunn. Alles, wat dene lénke politesche Kreeser net an de Krom passt, gëtt ganz séier a liicht verbal diffaméiert a gläichzäiteg och ëmmer méi penal verfollegt.

Et verwonnert mech och net, dat déi riets Parteien virun allem do opkommen wou et eng staark islamesch Immigratioun gëtt: a Frankräich, an Holland, an England. Däitschland ass do am Abléck nach eng Ausnahm well et eng besonnesch schwiereg an enger nach relativ rezenter Vergaangenheet huet.

Ech warnen virun där Iddi, d’Suerge vun de Leit ëm hir eege Kultur mat ëmmer méi penale Mëttelen wëllen anzeschränken an ze ënnerdrécken. Dat kann nëmmen zu enger Radikaliséierung  an zu enger Spléckung vun eiser Gesellschaft féieren.

Fir mech brauche mir lo eng konservativ Politik an Europa déi d’Problemer oppen uschwätzt a konkret Léisunge fënnt. Wa mir dat net maachen, kënne ganz pessimistesch Szenarii fir Europa geschwënn zu enger batterer Realitéit ginn. 

Op dëser Plaatz wëll ech zur Illustratioun e Bäitrag aus England weisen. Den Här Paul Weston, e Journalist, bezeechent sech hei als „Rassist“ obschonn hien eigentlech keen ass. Mee dee ganze politeschen a medialen Establishment nennt hie sou – also zitt hie seng Konsequenzen.  Den Här Weston huet och schonn beim Här Wilders eng Ried gehalen. 

Ech mengen, datt ee sech  sou e Bäitrag wéi den hei soll ganz genee ukucken an iwwerleeën wat den Här Paul Weston hei zum Ausdrock brénge wëll. Där do Reaktiounen kéint et geschwënn ëmmer méi ginn. Ech sinn nach laang net mat allen Analysen oder Conclusiounen vum Här Weston d’accord, mee dorëm geet et jo lo net. Et geet ëm säi Plaidoyer fir méi Fräiheet, fir méi sproochlech Eierlechkeet a fir eng oppen Diskussioun ëm d’Problemer an d’Geforen am Zësummenhank mat der islamescher Immigratioun. Als Politiker halen ech sou e Bäitrag fir en Alarmzeechen dat een muss ganz eescht huelen.  

Dat hei ass dem Här Weston seng Organisatioun:

http://libertygb.org.uk/v1/index.php/home/about-libertygb/ideology

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

10 Kommentare zu De Widderstand géint déi „politesch korrekt“ Gesetzer

  1. Vox Populi sagt:

    Et as verwonnerlech, datt een ADR-Member iwwerhaapt Reklamm fir eng Partei maachen dierf, déi net an der AECR as, ewéi hei dem Paul Weston seng nei Liberty GB!

    • fkartheiser sagt:

      „Vox Populi“,

      ech mengen, datt déi konservativ Parteien, och eis britesch Frënn, einfach mussen de Courage hunn, fir d’Problemer beim Numm ze nennen. Och hei zu Lëtzebuerg mecht d’Immigratioun eis enorm Problemer: an de Schoulen, am Beräich vun der Kriminalitéit, an de Kliniken, an sou virun. An och ech sinn es midd fir misse sou ze maachen als geng et déi Problemer net ginn, nëmme well déi politesch Lénk eis Gesellschaft wëllen zerstéieren. Fir mech ass awer ganz wichteg, wéi een doriwwer schwätzt: net rassistesch, net auslännerfeindlech, mee awer ganz kloer an däitlech. Ech wëll, datt déi Leit déi kommen, sech an eis Gesellschaft integréieren an sech korrekt, héiflech an anstänneg behuelen Wen dat net wëll, dee soll bei sech doheem bleiwen.
      Mat beschte Gréiss,
      Fernand Kartheiser

      • Kim Greis sagt:

        Här Kartheiser,

        Ech verstinn Äre Raisonnement net ganz. Dir sot een deen sech net integréiere well soll dee soll bei sech doheem bleiwen. Iwwert des Ausso kann een zwar streiden, mee wann dat Är Meenung ass, da kann ech kaum eppes drun änneren. Mäin Punkt ass, dass et och vill Lëtzebuerger ginn déi sech weder korrekt, héiflech nach anstänneg behuelen. Wann Auslänner bei deenen dat de Fall ass sollen heem goen, wat soll da mat sou Lëtzebuerger passéieren? Déi kenne jo kaum zwangsversat ginn… Deen Moment géing eng Zwouklassegesellschaft geschaf ginn. An ee Lëtzebuerger deen sech donieft behellt zerstéiert eis Gesellschaft op mannst genausou vill wéi een Auslänner deen sech donieft behellt. Woubäi ech mech froen, firwat ëmmer d’Auslänner verdäiwelt ginn…

        Mat frëndleche Gréiss,
        Kim Greis

        • fkartheiser sagt:

          Gudden Owend,

          et fällt mir net an, Auslänner ze „verdäiwelen“, wann Dir dat sollt gemengt hunn. Ech hu selwer méi wéi 20 Joer vu mengem Liewen am Ausland gewunnt a wees dohier wat et heescht ën Auslänner ze sinn.

          Och dowéinst sinn déi Leit mir prinzipiell wëllkomm – awer eben net ënner alle Conditiounen. Ech erwaarde mir vun all Auslänner den hei am Land wëll dauerhaft wunnen, datt en sech integréiert, eis Kultur akzeptéiert, eis Geschicht kennt a respektéiert, eis Gesetzer befollegt an eis Sprooch léiert. Wen dat net wëll, dee kann sech a mengen An gär eent vun denen ongeféier 199 anere Länner op der Welt raussichen. Ech wëll wierklech keen dozou zwéngen missen hei ze bleiwen.

          Dir hutt Recht, et gëtt Lëtzebuerger déi sech schlecht behuelen. Mee déi hunn natierlech dat Recht hei ze sinn, wëll et jo och hiert Land ass. Och d’Lëtzebuerger mussen selbstverständlech d’Gesetzer respektéieren.

          Dir vergläicht awer do zwou verschidde Saache matëneenn. Déi spigelbildlech Situatioun ass déi vun engem Lëtzebuerger dee wëll an d’Ausland goen fir do dauerhaft ze wunnen. An dem Fall erwaarden ech och vun him datt ën d’Kultur vun dem Land akzeptéiert an dem e wëll wunnen, d’Geschicht vun dem Land kennt a respektéiert, déi lokal Gesetzer befollegt an déi national Sprooch vun dem Land léiert. Wëll en dat net, da soll ën heiheem bleiwen oder heihinn zréck kommen.Dat ass säi Recht, wëll e jo d’Nationalitéit vun onsem Land huet.

          Mat beschte Gréiss,
          Fernand Kartheiser

          • Jacques Guddebour sagt:

            Et ass ganz genau een eenzege Punkt, deen zielt: d’Gesetzer respektéiren. Egal, wou een hier kennt.

            De ganze Rescht ass ’nice to have‘, mee net wierklech relevant. Och als Letzebuerger hun ech dat Rescht, net weider un der Geschicht an un der Kultur interesséiert ze sinn, ech schwätzen dat als Sproochen, wat mir sennvoll erschengt, an ech huele mer d’Fräiheet, mech sou vill an sou wéineg z’integréiren, wéi et mer passt. Firwat soll dat anescht sinn fir en Auslänner wéi fir en Letzebuerger?

          • fkartheiser sagt:

            Här Guddebour,

            Aere Kommentar – sou wäit en Iech persénlech betrëfft – wëll ech net kommentéieren. Wat d’Auslänner ugeet, wär et effektiv scho schéin wann gewësse Kreeser mol eis Gesetzer génge respektéieren. Dat wär secher schonn e Progrès.

            Erlaabt mir Iech awer ze soen, datt dat wat Dir vun den Auslänner erwaard däitlech ënner mengen Erwaardungen läit. Dat ass natierlech Aert gutt Recht, mee genee sou ass et mäi Recht vill méi héich Usprëch ze stellen – ongeféier dat nämlech wat sou internationale Standard ass.

            Ech hunn den Androck, datt vill Lëtzebuerger mat hirem eegenen Land, hirer Sprooch an hirer Kultur näicht méi unzefänke wëssen, dacks aus Onwëssenheet iwwer eise sproochlëschen, literarëschen a kulturelle Räichtum. Si mengen dowéinst wahrscheinlech och, datt si net kënnen vun anere Leit erwaarden fir eppes ze respektéieren, wat si selwer fir onwichteg an onwierdeg halen.

            A mengen An proposéiert Dir eppes wat ech an all Hinsicht fir falsch halen: den akzeptéierten Desinteressi um Awanderungsland. An Dir sot – wann ech Iech richteg verstinn – den Auslänner kann déi Sprooch schwätzen déi hie wëll, et ass un eis Lëtzebuerger fir eis unzepassen.

            Abee, Här Guddebour, ech hunn es mat där Politik genuch. Ech verlaangen genee dat wat ech gesot hunn: d’Auslänner déi hei wëllen fir méi laang wunnen sollen Lëtzebuergesch léieren. Et steet Iech awer natierlech fräi fir mat hinnen Esperanto ze parléieren.

            Mat beschte Gréiss,

            Fernand Kartheiser

  2. Joëlle sagt:

    Här Kartheiser, Dir hutt absolut Recht mat deem, wat Dir schreift!
    Ech verstin net, wat een dorun NET ka verstoen!
    Et ass ganz einfach: wann een op Besuch ass, behëllt ee sech manéierlech a respectéiert d’Doheem an d’Gebräich vun deene Leit, bei deenen een op Besuch ass, soss gët een net méi do empfaangen. Wann ee Besuch bei sech doheem empfänkt, erwaard ee grad esou zu Recht, datt de Besuch d’Gaaschtfrëndschaft respectéiert a sech deemno behëllt. Mécht en dat net, dann empfänkt een déi Leit net méi bei sech! A wa se sech ganz schlecht behuelen, fënnt och jidfereen et normal, datt ee sengem Besuch d’Dir weist an en net nach méi laang doheem hält! An et ass NET ze verstoen, wann aner Leit engem dann ënnerstellen, et géng ee säi Besuch verdäiwelen, an déi Leit dack grad deen, deen de Besuch empfaangen a wëllkomm geheescht huet, verdäiwelen! Leit, déi esou eppes maachen, kennen entweder nëmmen eng Säit, déi ouni Problemer, oder guer keng a schwätze just an der Theorie a fanne sech dobei „politesch correct“, wat dat och iwwerhaapt soll heeschen.
    Loosse mer alles mam Numm nennen, dann ass et kloer an d’Problemer kënne geléist gin. Dat gi se net duerch verdréinen, schéischwätzen oder fortschwätzen!

    • Kim Greis sagt:

      Fir mol eppes kloer ze stellen, ech hunn dem Här Kartheiser net ënnerstallt, dass en Auslänner géif verdäiwelen. Ech hunn mech just gefrot, firwat Auslänner verdäiwelt géife ginn. Ech hunn nach eng Kéier gelies wat den Här Kartheiser geschriwwen huet, an do hunn ech awer kloer e Passage fonnt, deen d’Auslänner deelweis verdäiwelt: „Och hei zu Lëtzebuerg mécht d’Immigratioun eis enorm Problemer: an de Schoulen, am Beräich vun der Kriminalitéit, an de Kliniken, an sou virun.“. Ech fannen, dass een extrem pauschaliséiert, wann een des Problemer op d’Immigratioun beschränkt. Zemools an de Schoulen, wou ech mech Dag fir Dag ophalen, muss ech soen, dass eng kulturell Villfalt beräicherend ass, an dass vill Lëtzebuerger méi de Fridden an der Schoul stéieren, wéi Auslänner.

      Mat beschte Gréiss.

      • fkartheiser sagt:

        Gudden Owend!

        Ech bieden Iech den Artikel op dësem Blog „ASTI, latenten Alldagsrassismus géint d’Lëtzebuerger“ ze liesen. D’Polizeistatistiken schwätzen eng ganz kloer Sprooch, an ech mengen aus verschiddene Quellen ze héieren, dat déi net publizéiert Wierklechkeet nach vill méi schlëmm ass. Donieft huet souguer déi aktuell Regierung nach viru kuerzem däitlech Aussoen zum Thema grenziwwerschreidend Kriminalitéit gemaach, e konnexen Aspekt vun dëser Problematik.
        Dat d’Onfäegkeet eng konsequent Integratiounspolitik ze bedreiwen zu enger dramatescher Situatioun an de Schoulen geféiert huet bezweifelt keen (ausser vläicht denen am stäerksten ideologiséierten Gréngen a Lénken) den mat eisem Schoulwiesen ze dinn huet. Déi Situatioun belaascht souwuel d’Auslänner wéi och d’Lëtzebuerger. Och zu dem Thema gëtt et kéipweis Texter, déi mol méi, mol manner oppen genee déi Problematik behandelen.
        An de Kliniken bestinn op d’mannst zwee enorm Problemer, den een betrëfft de Gebrauch vun de Sproochen an den aneren de Problem vun de muslimesche Fraen déi net richteg kënnen ënnersicht ginn, wëll si ëmmer a frëndlecher Begleedung vu besuergte Mënschen optrieden.
        Mat Verdäiwelung huet dat näicht ze dinn, awer vill mat An opmaachen an d’Wouerecht mol soen.
        Mat beschte Gréiss,
        Fernand Kartheiser

  3. Joëlle sagt:

    Wat den Här Kartheiser mécht, ass e Fact kloer gesot! Wat Dir maacht, ass e Problem schéin-/fortgeschwat! Dir consideréiert just een Deel vun deem ganzen, déi kulturell Beräicherung an der Schoul. Wéi gesot, duerch schéin-/fortschwätzen a verdréine verschwannen d’Problemer net, am Géiendeel! Si musse kloer genannt gin, soss gët net emol ugefaangen, no Léisungen ze sichen! Ech hun an engem aner Beräich geschafft an do vill mat der Police zesummegeschafft an hun elo och nach mat der Police ze doen. Et ass wiirklech schlëmm, datt duerch Leit, déi Facten als politesch oncorrect ënnert den Teppech gekiirt wëllen hun, esouguer d’Police nach laang net alles public seet an hir Aarbecht doduerch nach méi schwéier gemaach kritt!
    Extrem pauschaliséiere mécht Äere Saz: „an dass vill Lëtzebuerger méi de Fridden an der Schoul stéieren, wéi Auslänner“! Esou eppes ass alt nes laanscht d’Thema geschwat. Et geet hei net ëm schlecht Behuelen an der Schoul, egal vu wiem, mee concret ëm d’Problemer, déi d’Immigratioun mat sech bréngen, an ëm déi „penibel Aschränkung vun der Meenungsfräiheet“, déi och Dir bedreift mat Äerem Schéischwätzen!
    Fir also och dat kloer ze stellen: wann Dir op dem Här Kartheiser säin Artikel reagéiert an Iech „just frot, firwat Auslänner verdäiwelt géife gin“, ënnerstellt Dir him, datt hien dat mécht! Soss ass Äer Fro op der falscher Plaz, da braucht Der him se net ze stellen am Context vu sengem Artikel! Dat maacht Der ower, well Der e Saz vun him zitéiert, deen Dir als Verdäiwelung vun den Auslänner dohistellt!
    A fir de Rescht huet Äere Commentar och keng Logik: Dir schwätzt vun enger Zwouklassegesellschaft, well Lëtzebuerger, déi sech „net behuelen“, jo net kënnen an en anert Land „zwangsversat“ gin, mee d’Auslänner an hiirt Land kënnen zréckgeschéckt gin. Majo wéi dann anescht??? DAT ass logesch! Esou ass d’Rechtssituatioun och an deenen anere Länner! A wann een an engem aner Land wëllt liewen, mee sech do net wëllt behuelen, da soll en direct bei sech bleiwen! Et mécht kee Sënn, fir anzwousch anescht ze goen a sech dann net ze behuelen, also sech net ze integréieren!
    Do ass näischt, wat net ze verstoen ass! Dofir hun ech et jo mam Besuch doheem explizéiert!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert