Immigratiouns-Problemer a Norwegen

Dëse Reportage vu CBN ass zum Deel virun de Breivik-Morden gedréint  ginn. Dat wat an dësem Reportage beschriwwe gëtt, kann ee roueg mat dem a Verbindung setzen wat den Här Paul Weston an dem Artikel op dësem Blog iwwer de Widderstand géint déi „politesch korrekt“ Gesetzer an England seet.

Och a Norwege goufen a ginn Leit als „Rassisten“ an „Islamophoben“ diffaméiert déi dat guer net sinn. Hei, an dësem Reportage gi sou Zoustänn zum Beispill vun enger Damm erzielt, déi sech géint sougenannten „Eiërenermuerdungen“ a géint weiblech Genitalmutilatioun asetzt. Och hei koum d’Kritik vun där politescher Lénker.

Fir et kloer ze soen: och déi Zoustänn a Norwegen kënnen dem Här Anders Breivik seng brutal Morden a kenger Form justifiéieren. 

Mir geet et drëm fir als Politiker dorop opmierksam ze maachen, dat mir endlech mussen eng nei Oppenheet an e neien Emgank mat de Problemer mat der Immigratioun léieren. Net d’Ignoréieren vun de Problemer, net  d’Repressioun vun der Kritik sinn d’Léisung, mee d’Präventioun vun de Problemer.   

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Immigratiouns-Problemer a Norwegen

  1. Joëlle sagt:

    Dat hei soll sech den Autor vun deem schlechten Editorial haut op tageblatt online emol gudd ukucken! Amplaz iwwert d’Problemer ze schwätzen, gët do just ganz zolitt a primitiv op déi geklappt, déi ebe grad dat maachen: d’Saach mam Numm nennen a sech reell mat de Problemer beschäftegen amplaz se schéin- oder ganz fortzeschwätzen! Den Editorial mécht iwwerhaapt keng Analyse, mee nëmmen dat, wat e just deenen aner reprochéiert: bëllege Populismus! Et ass allerdéngs schued, datt dee Begrëff just nach pejorativ gebraucht gët, well fir wie soll d’Politik soss gemaach gin ewéi fir d’Vollek??

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert