„Eure Familie kotzt uns an“ – lénk, heterophob Intoleranz wéi aus dem Billerbuch

Beim Spiegel hunn ech gelies, datt e „Kongress fir d’Famill“ vun enger Zeitung organiséiert gouf op dem och eng russesch Parlamentarierin, d’Madame Elena Misulina, geschwat huet.

Well déi Thesen déi do vertruede goufen dene lénke Kreeser an hirer Press net passen, ass dem Spiegel säin Artikel erwaardungsgeméiss extrem negativ an eesäiteg. Dat ass natierlech säi gutt Recht. De Spiegel schwätzt vun enger „absurder Veranstaltung“.

Egal wat een dovun hällt – aanecht wéi de Spiegel halen ech sou e Kongress a priori fir absolut net „absurd“, ganz am Géigendeel –  muss een awer monéieren, datt en vu Rowdye gestéiert gouf. Vu Meenungsfräiheet, Toleranz an demokrateschem Pluralismus hunn déi lénk Kreeser net déi geréngsten Anung. De Spiegel schreift:

Zumindest der Beginn der Konferenz „Für die Zukunft der Familie“ war spektakulär: Minutenlang dröhnte ein mächtiges Trommeln in Bauch und Ohren der Besucher. Dutzende Demonstranten bearbeiteten die Wand der Veranstaltungshalle im nebelverhangenen Schkeuditz bei Leipzig. „Eure Familie kotzt uns an“, hatten junge Leute aus dem linken Spektrum auf ihr Plakat geschrieben.“

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/compact-veranstaltung-krude-thesen-der-homosexuellenhasser-a-935310.html

Dat Zitat „Eure Familie kotzt uns an“ ass eng Beleedegung fir all déi Leit déi nach zu där traditioneller Famill stinn – an dat ass déi riiseg Majoritéit. 

Et gouf och op eng erbärmlech Manéier probéiert fir déi Leit déi sollten op dem Kongress schwätzen dovun ofzehalen. Sou gouf et z.B. eng Petitioun un d'“Auswärtige Amt“ fir der Madame Misulina iwwerhaapt d’Arees an Däitschland ze verbidden:

https://www.openpetition.de/petition/online/einreiseverbot-fuer-die-duma-abgeordnete-elena-misulina

Fir mech ass dat do déi perfekt Illustratioun vun där Intoleranz déi sou typesch fir déi lénk politesch Kreeser ass.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert