D’Eurokris – kee Grond fir méi europäesch Integratioun!

Lo, virun den Europawalen, gëtt jo gär sou gemaach als wär d’Eurokris bal gepackt. Et wär am Prinzip alles sou wäit stabiliséiert, an et bräicht ee lo just nach e bëssche méi europäeschen Zentralismus a Federalismus fir sou Krisen an Zukunft ze verhënneren. Dat ass natierlech net wouer, well d’Stabilitéitsinstrumenter an der Vergaangenheet wore scho staark genuch fir sou eng Kris kënnen ze evitéieren – si goufe just net agehal. Sou Leit wéi den Här Juncker oder den Här Frieden sinn dowéinst un der Eurokris mat Schold – well si hunn mat  bewierkt, datt déi Stabilitéitscritèren aus dem Maastricht-Vertrag net respektéiert goufen.

D’Problemer leien nach ëmmer an der Zësummesetzung vun der Eurozon, déi eng ganz Rei vu Memberlänner huet, déi bei wäitem net kompetitiv genuch sinn fir kënnen an enger Währungsunioun mat ze maachen. Dat ass e Politikum, datt och eng méi staark Kommissioun oder méi e staarkt Europäescht Parlament mat Sëcherheet net géng léisen – ganz am Géigendeel. Si géngen Eurobonden imposéieren – eng Kollektivéierung vun der Schold an eng forcéiert politesch Unioun géint de Wëllen vun den europäesche Vëlker!

Et ass heiansdo net oninteressant, fir méi al Interviewen ze liesen déi sech mat der Eurokris beschäftegen fir d’Entwécklungen iwwer d’Zäit besser ze gesinn. Hei ass z.B. en Interview mam Här Delors aus dem Joer 2011. Hie sot: „The finance ministers did not want to see anything disagreeable which they would be forced to deal with„. A sou wor et och!

http://www.telegraph.co.uk/finance/financialcrisis/8932640/Jacques-Delors-interview-Euro-would-still-be-strong-if-it-had-been-built-to-my-plan.html

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert