U sech enttäusche mech d’Gambisten enorm: lo haten si déi Chance de Nationalfeierdag ganz ofzeschafen, sou e grujeleg-patrioteschen, nationalistesche Relikt aus denen däischteren Zäiten vun där oppressiver Monarchie. Wat ass da schonn eng Natioun? Si mir dann net all Mënschen, egal wou mir hirkommen? A mat wéi engem Recht feiere mir de Gebuertsdag vu nëmmen engem Bierger, nämlech den vum Citoyen Nassau, an net den vun eis all? Brauche mir net iwwerhaapt e ganz neien offiziellen Ulass fir de Multikultifeierdag?
Emmerhin, den Te Deum ass scho mol sou gutt wéi fort – jiddefalls a sénger offizieller Funktioun:
http://news.rtl.lu/news/wahlen//489229.html
Den Här Bettel, Maximo Lider vun der Oktoberrevolutioun, sot:
„A mir wëllen och fir Nationalfeierdag, dass selbstverständlech och eng zivil Zeremonie de Staatsakt ass, an net eng connotation religieuse… ech mengen hei muss d’Pluralitéit a virun allem d’Neutralitéit och vum Staat präservéiert ginn, an dofir wäert ab d’nächst Joer fir Nationalfeierdag, ‚t ass net dass mer lo Saache wëllen ofschafen, mä mir sinn der Meenung, dass einfach en zivilt Staatsakt, den acte premier misst sinn, vun engem nationale Feierdag. Dat géif awer net bedeiten, dass elo automatesch den Te Deum z. B. ofgeschaf gëtt, doriwwer misst nach ëmmer d’Kierch entscheeden. Ma den offiziellen Akt vum Nationalfeierdag soll kee reliéise méi sinn.“
Ech ka mir scho virstellen wéi eng politesch korrekt Rieden op där „ziviler Zeremonie“ gehal ginn. Mat sou eppes gëtt net d’Eenegkeet vun der Natioun gefeiert, mee Dissens geséint. D’Rieden wäerten dann och op Chinesesch, Franséisch, Suaheli a Portugiisesch sinn. Lëtzebuergesch huet jo bei de Gambisten nëmmen nach um Pabeier eng Existenzberechtegung.
Ech mengen, eis Gambisten wäerten sech nach wonneren wat si mat der Ofschaafung vum Te Deum lassgetrëppelt hunn.