D’ALPE weist hiert wierklecht Gesiicht

D’Association luxembourgeoise des professeurs d’éthique (ALPE) huet haut e Presscommuniqué iwwer d’Eliminatioun vum Reliounsunterrecht an der ëffentlecher Schoul gemaach.

Et ass a mengen An erschreckend, wéi e Weltbild déi Leit hunn, déi de Kanner a  Jugendlechen eppes wëllen iwwer Ethik erzielen.

Do gëtt geschwat vun enger „prétendue hégémonie des valeurs judéo-chrétiennes„. Iwwer dat Wuert „hégémonie“ kann ee vläicht streiden, mee wéi kann een duerch sou e bëllegen, rhetoresche Täschespillertrick nëmme sou wëlle maachen wéi wann net eis ganz Gesellschaft, inklusiv eisem Mënschebild, eiser Ethik, eiser Moral an eiser Kultur duerch an duerch duerch déi jüdesch-chrëschtlech Kultur geprägt wier? Wat sinn dann déi aner „sensibilités“ déi lo zu Wuert komme sollen? Den Atheismus? Den Islam?  Dat gëtt nawell e flotten Dialog tëschent denen zwee, Koran à l’appui! Ech bestellen scho mol 20 Kaarten fir déi éicht Virstellung!   

An dann déi Fantasterei fir ze behaapten, datt bis elo iwwer d’Euthanasie oder d’Ofdreiwung tëschent Jonken mat verschiddenem kulturellem Horizont net hätt kënnen debattéiert ginn! Ausgerechent déi Leit déi déi kulturell Ennerscheeder am léifsten géngen an hirem pseudo-etheschen Eenheetsbräi niveléieren an nach léiwer géngen ganz eliminéieren, hunn de Culot fir lo ze bedaueren datt sou eng Debatt net méiglech gewierscht wär.

Dono gëtt alt nees ënnerstallt, datt Relioun an eegestännegt Denken incompatibel wären.   A schliisslech gëtt net iwwer d’Waertevermëttlung geschwat mee nëmme nach iwwer eng „prise de conscience“ an eng „clarification“ duerch den „dialogue interculturel et interreligieux“. Geet et dann elo eigentlech ëm Waertevermëttlung oder just nëmme nach ëm Debattéieren? An opgrond vu wat?

A wéi soll dann en  interreliéisen Dialog opgebaut ginn wann et kee Reliounsunterrecht méi gëtt? An zu wat soll da sou en Dialog  gutt sinn, wann d’Reliounen jo anscheinend, jiddefalls mol an den An vun der ALPE,  net zu eegestännegem Denke befähegen?  Sollen déi „ethesch“ Genieen, déi jo  eegestänneg denke kënnen, géint déi aarem endoctrinéiert Massendénger untrieden, déi net eegestänneg denke kënnen?   

Déi Lénkskoalitioun mecht eng Dommheet no där anerer a si huet mol nach net richteg ugefaang. D’Ofschaafung vum Reliounsunterrecht ass e Schlag géint de Pluralismus, eng Mëssuechtung vum Wonsch vu villen Elteren a Schüler an en Zeechen vu grousser Intoleranz. Eis Gesellschaft gewënnt net u Fräiheet a si verléiert hir Wäerter!

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/11/25/caae5c943fb1ac82c5e59bc9a57269ea.pdf&chrome=true

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert