Wéi juddefeindlech ass d’tageblatt?

No dem Interview mam Här Michael Deas den d’tageblatt de 25. November 2013 publizéiert hat, stellen ech déi Fro bewosst sou schaarf formuléiert. Den Här Deas an dee palästinensëschen BDS-Mouvement verlaangen de Boykott vun Israel (an net nëmmen vun den israelesche Wueren), wéi och Sanktiounen géint dee Stat. D’Tageblatt freet: „Was kann man in unseren Gefilden tun, um Ihre Kampagne zu unterstützen?“ 

http://www.bdsmovement.net/bdsintro

Den Här Deas publizéiert iwwregens ënner anerem och op sou Säiten wéi „electronic intifada“.

An dem tageblatt-Interview  sti vill juristesch a politesch Onwouerechten. Enner anerem gëtt d’Okkupatiounspolitik mat der Apartheid gläichgesat wat vollkommene Quatsch ass: all Rahmenbedéngungen sinn ënnerschiddlech. Da ginn Onwouerechten iwwer d’Detentioun vu palästinensesche Prisonnéier an d’Welt gesat. Dozou, am Kontrast zu dem Tagblatt-Interview hei z.B. dëss Presentatioun vun den „European friends of Israel“:

 „Legal Framework in the West Bank: Military Courts

According to art. 64 from the Fourth Geneva Convention, “the law of the occupied territory shall remain in force”. Therefore, the law in West Bank contains elements from the British Law (dating the British Mandate), Jordanian Criminal Law (dating the Jordanian control ending in 1967), and Israeli Military Orders.

In order to deal with criminal offences carried out in the West Bank, the Military Order established two Military Tribunals: one operating in Judea, and one in Samaria.
The legal system also includes a Juvenile Court and a Military Court of Appeal, independent from the military chain of command.

  • All military judges are lawyers, civil servants independent from the military;
  • The hearings are public, with simultaneous translations in Arabic;
  • Every accused has the right to appeal to the Military Court of Appeals.

Prosecution of minors

Although prosecuting minors has always been a sensitive issue, history shows that minors do commit criminal acts, for example, between 2001-2005 383 minors were allegedly involved in terrorist activities.

In September 2009, Israel established a Juvenile Military Court for minors where the sitting judges, appointed by the Chief Justice of the Military High Court of Appeals, receive prior relevant professional training to serve as juvenile judges.

Recent developments include raising the age of minority from 16 to 18 and shortening the length of the detention period (the minor can be remanded for trial for up to one year).

A minor under the age of 14 needs to be brought before a judge within 24 hours of his/her arrest, while one of 16 years old within 48 hours. Whilst detained, all minors are held separately from adults.

Administrative detention

Israel has inherited the legislation regarding administrative detention from the British law which also exists in other western countries fighting terrorism like United States, or combating illegal immigration in the case of Canada and Australia.“

Fir mech ass awer wichteg festzehalen, dat d’tageblatt konsequent eng Israel-feindlech editorial Linn huet déi a mengen An dacks verdächteg no un dem Anti-Semitismus vun der europäescher Lénker läit. Déi lénk Juddefeindlechkeet verstoppt sech hautesdaags hanner enger radikaler Israel-Kritik an engem vollkommen eesäitegen a fanataschen Engagement fir déi extremste palästinensech Uleies.

Déi divers Boykottfuerderungen erënnere mech un de Nazien hier „Kauft nicht bei Juden“-Kampagnen. Et ass grondfalsch, datt den Anti-Semistismus nëmme bei de Rietsextremisten ze fanne wär. Et gëtt vill Schrëften aus der Fréizäit vum sozialisteschen Denken aus dem  19. an dem 20. Joerhonnert, déi sech scho géint d’Judden gedréint hunn. Deeler vum nationalsozialisteschen Propagandadiskurs fënnt een haut a liicht modifizéiert Form bei där politescher Lénker, sou z.B. déi kapitalistesch Weltverschwörungstheorie zu där Israel an d’USA génge gehéieren. 

Israel ass a bleift déi eenzeg Demokratie an den eenzege Rechtsstaat am ganze Noen Osten. Bei wäitem net alles wat do geschitt kann ee gutt heeschen, mee Israel ass nun eemol  e Land dat zënter senger Grënnung muss an engem Krichszoustand iwwerliewen. 

Et wär der palästinensescher Saach sëcher scho ganz vill gedéngt wann dee permanenten Krich tëschent denen verschiddenen palästinensesche Fraktiounen géng ophéieren.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert