Trennung vu Kierch an CSV

Hat déi kathoulesch Kierch dann d’Walprogrammer vun de Parteien net gelies? Oder huet si geduecht d’Walen génge just drëm goen, wen déi Schéinsten am ganze Land ass?

Déi Naivitéit mat där d’Kierch op d’Koalitiounsverhandlunge reagéiert, léisst mech perplex.

http://www.wort.lu/de/view/katholische-kirche-not-amused-52938404e4b0f8040cceafaf

Obwuel ech mat der Gambia-Reliounspolitik  absolut net d’accord sinn, denken ech, datt d’Kierch muss erkennen datt si eng Matschold un där Entwécklung huet an awer gläichzäiteg och,  datt dëss Entwécklung eng Chance fir si ka sinn.

Matschold, well d’Kierch lo och d’Rechnung kritt fir hir ultraparteiesch-eesäiteg Parteipolitik. Et gouf zënter Joerzéngten hei am Land keen Ennerscheed méi tëschent der Kierch an der CSV – wéinstens kee no baussen perceptiblen – a Moosnamen géint Kierch sinn dowéinst och ëmmer als Moosnamen géint d’CSV geduecht. Mit gegangen, mit gefangen, mit gehangen.

– D’Wort wor ni eppes anecht wéi d’CSV-Parteizeitung. Rezentste Beispill: Walkampf 2013.

– No den CSV-Statuten ass d’Wort an de Parteigremien vertrueden (och wann et net ëmmer präsent ass).

–  D’Kierch huet de Widderstand géint d’Euthanasie vun haut op mar opginn, wou si vun der CSV zréckgepaff gouf.

– D’Kierch huet kee Widderstand géint d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung geleescht, well d’CSV dat Gesetz mat gedroen huet. Eng blamabel Doutsënn! D’Quizfro vum Dag fir den Här Aerzbëschof: Wen hat scho méi gesot: „Du sollst nicht töten!“? 

– D’Kierch leescht kee Widderstand géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“ – an dat géint hir eege Léier! –  well d’CSV dat Gesetz selwer virbereed huet.

Sou eng Kierch ka jo wierklech kee méi eecht huelen. Si priedegt d’CSV amplaatz den Härgott.

D’Kierch wär also lo méi wéi gutt beroden, déi richteg Léieren ze zéien.

Si soll

1. Sech zréck op déi réimesch-kathoulesch Relioun besënnen an zu där stoen – ouni  feig politesch Kompromësser. Sou gëtt d’Kierch nees glaafwierdeg.

2. Si soll eng Aequidistanz zu alle politesche Parteien flegen: luewe wat si gutt fënnt a kritiséieren wat dem Glaawen net entsprëcht.

Dat ass déi Chance déi déi aktuell Situatioun der kathoulescher Kierch schenkt. Si soll se notzen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert