Den Atheismus an der Diskussioun

An denen leschten Joeren ass, nët nëmmen mee besonnesch, duerch déi atheistesch Bicher vum Här Professer Richard Dawkins d’Debatt ëm den d’Existenz vu Gott respektiv den Atheismus  nei belieft ginn. Bicher wéi „The God Delusion“ oder „The blind watchmaker“ zielen zu senge bekanntesten Titelen. Mä och am net-engleschsproochege Raum gouf et an denen leschten Joerzéngten ëmmer nees Leit déi d’Relioun – an do nes besonnesch d’Chrëschtentum – ganz prinzipiell a Fro gestallt hunn, wéi zum Beispill den Här Karlheinz Deschner.

Déi Diskussioun beréiert déi zentral Froen vum mënschleche Liewen an, doriwwer raus, vum Sënn vum Sinn.  Op dëser Plaz well ech zwee Bicher uginn, déi dem Här Dawkins argumentativ äntwerten an och nach en drëtt Buch nennen dat net vun theologescher Natur ass, mä awer den  grousse Mérite huet fir op en aneren Aspekt hinzeweisen, nämlech den dat d’Naturwëssenschaften manner rigoros wëssenschaftlech sinn, wéi een dat alt dacks sou mengt.

Hei sinn  déi zwou Aentwerten op den Här Dawkins:

Alister McGrath (mit Joanna Collicutt McGrath), Der Atheismus-Wahn, Eine Antwort auf Richard Dawkins und den atheistischen Fundamentalismus, 1997, ISBN 978-3-86591-289-3, 149 Seiten.

Scott Hahn, Benjamin Wiker, Antowrt auf den neuen Atheismus, 2008, ISBN 978 – 3- 9814444 – 4 – 5, 204 Seiten.

An hei ass dat Buch vun zwee däitsche Physiker, déi méi e kritesche Bléck op d’Wëssenschaft wierfen. Ech mengen, wann een d’Relioun kritiséiert, da sollt een och mat denen intellektuellen a konzeptuelle Schwächten an anere Beräicher vum Denken familiariséiert sinn.

Hans-Dieter Radecke, Lorenz Teufel, Was zu bezweifeln war, Die Lüge von der objektiven Wissenschaft,Droemer, 2010, ISBN 978-3-426-27485-9, 377 Seiten.

Fir Leit déi eng Stonn wëllen afferen fir eng flott Televisiounsdiskussioun tëschent dem Här Dawkins an dem George Kardinol Pell vu Sydney ze kucken, recommandéieren ech dëse Video:

An hei ass nach e Kommentar den op enger kathoulescher Internetsäit (Das heiligste Herz Jesu) zu där spezifescher Fro an dëser Televisiounsdiskussioun ze fanne war, ob den Charles Darwin sech als Theist bezeechent huet (wéi de Kardinol Pell gemengt huet) oder net (wat dem Här Dawkins seng Iwwerzeegung wor):

In a televised debate on Australian TV Cardinal Pell showed the depth of Richard Dawkins ignorance about the Father of Evolution,Charles Darwin. This is becoming a regular occurrence in debates between clergyman and Prof. Dawkins:

‘Charles Darwin was claimed as a theist by the cardinal,because Darwin ”couldn’t believe that the immense cosmos and all the beautiful things in the world came about either by chance or out of necessity”–a claim disputed by Professor Dawkins as ”just not true”.

Cardinal Pell won applause when he shot back:”It’s on page 92 of his autobiography. Go and have a look.”’

Here’s the excerpt from p.92-93 of Charles Darwin’s autobiography

‘Another source of conviction in the existence of God,connected with the reason and not with the feelings,impresses me as having much more weight. This follows from the extreme difficulty or rather impossibility of conceiving this immense and wonderful universe,including man with his capacity of looking far backwards and far into futurity,as the result of blind chance or necessity. When thus reflecting I feel compelled to look to a First Cause having an intelligent mind in some degree analogous to that of man;and I deserve to be called a Theist.’“

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Bicher, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert