Serie vun Artikelen vum Här Dr. Robert Thill-Heusbourg iwwer d’Euthanasie: „Wou Onrecht zu Recht erklärt get“.

Wou Onrecht zu Recht erklärt get

 

vun  Dr. Robert Thill-Heusbourg*

 

Wou Onrecht zu Recht erklärt get, do get Widerstand zuer Pflicht, and dat huet d’CSV an der Euthanasie-Debatt verpasst. Et as  dofir ëmsou méi eng onmoralesch Ausso, wann eise Premier a sénger Ried zuer Lag vun der Natioun deene  Leit , déi zënter Méint iwerparteilesch an engem sachlechen Dialog all gesellschaftlech Gruppéirungen zu Lëtzebuerg iwert Palliativmedezin an Euthanasie  informéieren, ënnerstellt, si wéilten mat hierer Meenung iergendwou „duerchmarschéieren“.

 

A wann eise Premier an deem Zesummenhang dann och nach deen neien an onkloren Ausdrock vum „ethesche Fridden“ mëssbraucht, da weist hien domadder,datt et op der Säit vun der CSV ëm eng  falsch  verstanen Toleranz a Noléissegkeet vis à vis vu geféierlechen Ideeën fir eise Rechtsstaat geet.

 

Et as eeben net einfach zoufälleg geschitt, datt séch  eng parlamentaresch Majoritéit fir de Gesetzprojet fir d’ Euthanasie an de suicide assisté fonnt huet, mee et war entweder e skandaléisen takteschte Feeler vun der CSV, wou si dee méiglechen Ausgang vum  Vote an der Châmber falsch ageschat huet oder en onverständlechen  „laisser faire“ an engem Beräich, deen eigentlech déi héchste Verantwortungskompetenz  vun daer Partei erfuerdert hätt, déi bis elo fir séch e Kompetenz-Monopol am Beräich vun de chrëschtleche Grondwaerter reklaméiert huet.Am anere Fall hätt si dese Gesetzes-Projet jhust mam Hiweis op de Koalitiounsofkommes kënne verhënneren.

 

D’CSV huet an deene leschten Méint doriwer eraus onverständlecherweis bei méi wéi enger  Geleenheet refuséiert, fir zesumme mat der adr an der Châmber d’Gesetz iwert Palliativmedizin, déi jo no Meenung vun allen Experten deen eigentleche Fortschrëtt an der Medezin duerstellt, direkt ze stëmmen a fir zesumme mat der adr eng Nodenkpaus an e Moratorium ze fuerderen fir dee medezinesch a gesellschaftlech iwerliewten  an iwerflëssege Projet iwert d’ Euthanasie.

 

All eis al Parteien, déi séch soss sou gaer als „staatstragend“ duerstellen an déi d’adr als populistesch Partei diffaméieren, hun an dëser Fro en Deel vun hiere Grondprinzipien geaffert. D’ CSV awer huet  net nëmmen hieren eigentlech chrëschtlechen Grond-Optrag verroden, datt  d’Liewen ze schützen as an datt dat bewosst Doudmaache vu Mënschen ni eng Léisung ka sin.  Si huet och mat hieren onséilegen Amendementer zu dësem Gesetz bewisen, datt een e schlecht Gesetz mat hierer Hëllef nach méi schlecht ka maachen, well wann d’ CSV e Gesetz iwert d’Euthanasie  wëllt ëmdeefen an „proposition de loi sur l’aide à mourir“, da kann dat jo nëmmen heeschen, datt et soll verschleiert gin, ëm wat et an deenen Texter wierklech geet.

 

Et as an dëser Diskussioun bis elo jhust d’adr als  Partei, déi séch duerch hier Positioun an hier Initiativen als staatstragend am eigentleche Sënn erwisen huet. Déi aner Parteien hu  séch kuerzsichteg  a mat e puer manipulativen  Emfroen am Réck als déi eigentlech populistesch Akteuren erwisen, déi d’ Euthanasie an de medezinesch assistéierten Suizid als eng geféierlech minimalistesch an oberflächlech Art a Weis, wéi ee mat Leiden a Stierwen kann ëmgoen, wëllen duerchsetzen, an dat op Käschten vun der palliativer Medezin, déi jo bekanntlech net ouni e Maximum un Ausbildung an Engagement ka realiséiert gin.

 

 

*Neurolog a Psychotherapeut

Hôpital Saint Louis

Ettelbruck

 

 

RTL-Fräi Tribune : 30.6.2008

100,7:  D’Parteien hun d’Wuert, 25.6.2008

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert