De Bobo: „Bourgeois-bohème“

Wou den Här Philippe Arino hei zu Lëtzebuerg geschwat huet (en Artikel zu dem Thema ass op dësem Blog) hat hien och iwwer e Phänomen referéiert dat ech bis dohin iwwerhaapt net kannt hunn: de „Bobo“ (Bourgeois-bohème), dee gutt situéierte Wuelstandsbierger mat enger politesch lénker Mentalitéit. Dee Begrëff huet mech direkt interesséiert well eng grouss Partie vum lénken Elektorat an Europa sou kéint beschriwwe ginn.    

 http://fr.wikipedia.org/wiki/Bourgeois-boh%C3%A8me

Niewent dem Yuppie an dem Nimby also lo de Bobo, et léiert een ni aus! Den Här Arino huet eng Rei Verhalensweisen vum Bobo beschriwwen, de Globetrotter, de Guttmënsch, den urbanen Naturverléiften  mee och den dee Ritualer gär huet ouni awer dobäi hire sakrale Charakter ze akzeptéieren. De Bobo ass nämlech de Mënsch vun eidele Ritualer, dee mat „ville Käerzen bei der Buedbidden“, dee mat „integréierenden“, synkretesche reliéise Virstellungen nom Motto: „tout est rituel, rien n’est sacré„. Den Här Arino hat zum Beispill eng wierklech Hochzäit beschriwwen op där hien invitéiert wor a bei där den Ouchterritual vum Käerzenufänke kopéiert gouf – ouni iergend eng reliéis Referenz. 

Den Här Arino huet op senger Spaweckssäit e „Code Bobo“ publizéiert an dem hien e puer typesch Verhalensweisen schematesch presentéiert. Ech fannen déi Iddi interessant well si et erlabt méi séier a besser op verstoppte Propaganda an de Medien opmierksam ze ginn.

http://www.araigneedudesert.fr/decryptage-de-la-propagande-bisexuelle-bobo-actuelles-50-codes/

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert