Eng Promo-Ausstellung iwwer den Islam mat offiziellem Charakter

U sech gi Länner de Réfugiéën aus Krichsregiounen Asyl sou laang de Krich dauert an dono sinn déi Leit gebieden zréck an hir Länner ze goen. Dësen international gültege Prinzip schéngt hei zu Lëtzebuerg alt nees eemol net respektéiert ginn ze sinn. Sou hu mir zënter de Balkankricher den Islam hei am Land. Anscheinend ass déi Polit-Relioun well souguer zur  zweetgréisster Glaawenscommunautéit ginn a si mecht eis och ëmmer méi Suergen.   

Lo gëtt et dann eng staatlech ënnerstëtzten Ausstellung déi, wéi et schéngt,  den Islam an engem exklusiv positive Liicht presentéiert an anscheinend och nach den Tour vun eise Schoulen maache soll. An der Press steet jiddefalls mol si géng mol am Athenäum ausgestallt ginn an datt eng ganz Rei vu Schoulen déi Ausstellung an den CDMH kucke woren.

http://www.wort.lu/fr/view/peu-visible-l-islam-est-la-2e-religion-au-luxembourg-51b0593de4b00c07f2eafb5f

http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/45631.html

http://www.dudelange.lu/agenda-exposition-l-islam-au-luxembourg-l-islam-du-luxembourg-1545209321

Et wär dach interessant méi iwwer déi Ausstellung gewuer ze ginn déi mat massiver staatlecher Hëllef gemaach gouf. Den OLAI hätt si ganz offiziell matt finanzéiert. Wou gëtt si gewisen? Wéivill bezillt de Staat fir déi do Ausstellung?  Et ass jiddefalls ze notéieren, datt och den CDMH zu Diddeléng, den dëss Ausstellung mat ausgeschafft a gewisen huet, vum Kulturministère an der Stad Diddeléng iwwer Konventiounen ënnerstëtzt gëtt.

http://www.cdmh.lu/cgi-bin/olefa?com=0I10I0I2I

Den Unterrechtsminister sollt déi Ausstellung dach mol an der Unterrechtskommissioun vun der Chamber presentéieren! Ass et dann net interessant, datt eng Regirung déi de kathouleschen Reliounsunterrecht aus de Schoulen wëll raus huelen awer anscheinend wëll eng Ausstellung iwwer den Islam  weisen, déi  – de Kritike no – déi Polit-Relioun an engem aussergewéinlech an exklusiv positive Liicht wëll duerstellen? Oder wëll eis Regierung vläicht géintiwwer all Relioun tolerant an oppe sinn, ausser natierlech géintiwwer där réimesch-kathoulescher?  

Interessant och, datt am Regierungsprogramm ganz Romanen iwwer d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra stinn. Eng vum lëtzebuergesche Staat ënnerstëtzten Ausstellung iwwer den Islam geet jo da wuel besonnesch op den Aspekt an, oder iere net?

D’Commissärin vun der Ausstellung behaapt jiddefalls mol dat hei:

„L’exposition met également en avant les stéréotypes qui peuvent exister sur l’islam vécu comme religion, l’islam politique ou l’islam et la subordination des femmes: „Une idée souvent véhiculée par les médias alors que c’est faux!“, assure la commissaire de l’expo.“

Dat versprëcht wierklech spannend ze ginn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert