D’Regirung Bettel ass géint d’Fräiheet vun der Press!

Dat mecht awer guer näicht, well eis Press sech net wiert. Si ass jo entweder parteigebonnen oder befaang oder béides.

De Sachverhalt:

Am Regirungsprogramm steet op der Säit 137:

Information, sensibilisation et médias

Conformément à la loi du 19 juin 2012 portant modification de la loi du 21 décembre 2007 portant transposition de la directive 2004/113/CE mettant en oeuvre le principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes dans l’accès à des biens et services et la fourniture de biens et services , la représentation des femmes et des hommes dans les jeux vidéos, les chansons, ainsi que dans la publicité et au sens large dans les médias (journaux, tv, radio et autres) sera analysée et observée afin de sensibiliser le public par rapport aux conséquences d’une représentation déséquilibrée, voire discriminante ou manipulatrice et pour obtenir une plus grande neutralité du point de vue représentation du genre (notamment, aussi pour les publicités de jouets).“

 De Conseil de presse hat awer schonn während der legislativer Prozedur e negativen Avis zu dem deemolegen Projet de loi 6127 geschriwwen:

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/175/029/107248.pdf

D’Press gouf a gëtt an dem Dossier exklusiv vun der ADR ënnerstëtzt. Zu dem Sujet hat ech och eng Proposition de loi gemaach fir déi demokratiefeindlech Restriktioun vun der Pressfräiheet hei am Land nees ofzeschafen:

 http://www.adr.lu/proposition-de-loi-vun-der-adr-fir-dpressefraiheet-ze-verdeedegen/

Ausser ech geng mech ieren, stoung dovun och kee Wuert an eiser Press. Dat ass jo normal, schliisslech geet et ëm hir Fräiheet….. a firwat soll si doriwwer och nëmmen ee Wuert verléieren? Wes Brot ich ess, des Lied ich sing! 

D’Fro ass lo wéi reagéiert d’Press no der Regierungserklärung? Ech soe mol: iwwerhaapt net! Déi lëtzebuergesch Press ass menger Meenung no mol net capabel fir fir hir eege Fräiheet ze kämpfen. De Journal, d’Tageblatt (Quotidien) an d’woxx sinn méi oder manner regirungsgebonnen, an d’Wort ass roueg well d’CSV, konkret d’Madame Hetto-Gaasch,  dat do Gesetz selwer verbrach hat.  

Eis Press begrueft hir eege Fräiheet mat enger décade du silence. All Wett! Si ass domat en exzellent Beispill fir dee lamentable Niveau vum politeschen Denken hei am Land.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert