Zësumme géint den Estrela-Rapport!

Den Estrela-Rapport, en Dokument aus der Fraerechts-Kommissioun vum Europaparlament soll den 10. Dezember am Plenum vum Europaparlament gestëmmt ginn. Em wat et, ënner anerem,  geet, seet dësen Artikel:

 http://charismatismus.wordpress.com/2013/12/06/der-estrela-bericht-pro-abtreibung-ist-am-10-dezember-erneut-im-europaparlament/

Den Estrela-Rapport wëll, ënner villen aneren Ongeheierlechkeeten, e Recht op Ofdreiwung an en Zougank zu reproduktiven Techniken fir homosexuell Koppelen duerchsetzen an dat alles an där wéi ëmmer verklausuléierter EU-Sprooch..  

Hei ass den Text vum Rapport:

http://www.europarl.europa.eu/sides/getDoc.do?pubRef=-//EP//TEXT+REPORT+A7-2013-0426+0+DOC+XML+V0//DE

Dëse Rapport weist méi wéi däitlech, datt Europa zu enger rechtsstaatsfeindlecher, diktatorescher Struktur  ginn ass. Et gëtt keng EU-Kompetenzen an dene meeschten Beräicher déi vun dem Estrela-Rapport beréiert ginn an awer hëllt d’Europaprlament sech raus fir an dene Beräicher  wëllen ze norméieren. Mir mussen eis géint sou en Europa wieren! Mir mussen Europa a séngen Institutiounen e groussen Deel vun hire Rechter wech huelen och fir sou Dérapagen wéi den hei an Zukunft ze verhënneren.   

An der Tëschenzäit muss alles gemaach ginn fir den Estrela-Rapport ze bekämpfen. Eng Méiglechkeet ass mol fir dëss Petitioun zë ënnerschreiwen:

http://www.citizengo.org/fr/1105-urgent-leurope-au-bord-du-gouffre

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert