Fir e Nationalen Elitlycée!

Ech wees, den Titel klengt vläicht fir Verschiddener provokativ, mä ech mengen et awer och sou – genee sou!

Et muss Schluss sinn mat der Schoul vun der Usprochslosegkeet, vum « nivellement vers le bas », vu Cyclen wou keen kann sëtzebleiwen, vum Kompenséieren amplaatz vum Léieren, vun der Faulheet amplaatz vum Fläiss, vu nebulösen Bilanen amplaatz kloren Zensuren, vun Orientatiounscomitéën amplaatz Examenscommissiounen! Et muss Schluss sinn, mat denen populisteschen Schoulrezepter wou jiddereen soll en Diplom kréien, den awer herno näicht méi wäert ass. Et muss Schluss sinn mat enger Schoul wou déi Gutt net méi viru kommen, well déi Schwaach se bremsen.

Ech wëll zréck bei den alen Schoulsystem, net aus Nostalgie, mä well en einfach besser wor! Fréier konnt d’Léierpersonal och nach anstänneg Franséich, haut kënne eng Partie  vun hinnen kee Bréif méi schreiwen.  Fréier sinn eis Primaner op auslänneschen Universitéiten mat oppenen Aerm empfanng ginn, haut ginn si op eenzelnen Universitéiten mol net méi ugeholl. Fréier woussten eis Kanner nach eppes, si krute Bildung an hu geléiert fir vernetzt ze denken,  haut ginn hinnen « Kompetenzen » zertiféiert déi si iwwerhaapt net hunn.

Eis Léierpersonal léiert pädagogesch Konzepter aus den 1968er-Schrottrezepter  vum sozialisteschen a gréngen Eenheetsdenken. Eis Schoulen ginn zu Sozialinstituter an Fabriken vun dene lénken Gesellschaftsutopien. Si erstécken an der Bürokratie.  An der Tëschenzäit schléift d’Konkurrenz net! An den angelsächsesche Länner an an all eise Nopeschlänner gëtt et richteg Elitschoulen, an an Asien sinn d’Leeschtung an de Fläiss déi iewecht Prinzipien. Bravo!  Och eist Land brauch eng Zukunft an der globaler Konkurrenz !

Eis Kanner wëlle léieren, si wëllen sech ustrengen, si wëllen op  hir Leeschtung  houfreg sinn, si wëllen sech intellektuell a moralesch weiderentwéckelen an si wëllen op hirem Liewenswee virukommen. Déi aktuell Schoulpolitik hëllt hinnen déi Chancen.  Mir sollen si hinnen nees ginn.  Eng Schoul déi Leeschtung belount ass och sozial gerecht. Nëmme sou kréien och déi talentéiert Kanner aus sozial schwaache Milieuën eng reeëll Chance am Liewen – duerch ën anstännegen, respektéierten  an uenerkanntenen Diplom.  Am Abléck ass et jo sou, dat déi Leit déi sech besser gestallt sinn hir Kanner léiwer op deier Privatschoulen schécken wéi an déi ëffentlech, lëtzebuergesch Schoul. Sozial Segregatioun an de Schoulen a wärtlos Diplomer fir déi sozial méi Schwaach – dat sinn d’Resultater vun der sozialistescher Unterrechtspolitik. Och aus Grënn vun der sozialer Gerechtegkeet gëtt et also keng Alternativ zum Leeschtungsprinzip.

Wen wëll duerch d’Liewe goen, muss léiere falen. Et muss een wëssen dat een kann duerchfalen. Den Echec gehéiert zum Liewen.  Et musse een spieren, dat eng Datz e Risiko mat sech bréngt. Et soll een realiséieren, dat en Examen e Schlësselament am Liewen ass.

Ech wëll dowéinst eng ganz aner Schoulpolitik – an et ass mir vollkommen egal op d’Leit mech dowéinst fir reaktionär oder soss eppes halen  – well ech SINN e Reaktionär géint déi aktuell Schoulpolitik!

Ech wëll zréck bei d’Primärschoul mat sechs Klassen (oder méi). D’Dräisproochegekeet an eise Primärschoulen (Lëtzebuergesch-Däitsch-Franséich) gëtt erhalen. Et gëtt dobäi keng Aschränkungen oder Aennerungen fir auslännesch Kanner. D’Schoul déngt der Integratioun an déi lëtzebuergesch Gesellschaft op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch. Kanner déi nei an d’Land kommen, léieren intensiv eis Sproochen ier si an eis Schoulen kommen.

Ech well zréck bei den Opnahmeexamen, de Passageexamen an e Premièresexamen wou d’Joer net mat zielt. All – jo ALL – Kompensatiounsméiglechkeeten ginn ofgeschaaft. Et gëtt keng « travaux iergendeppes » méi an de Vakanzen, mä regulär Noexamen. Et gëtt Punkten op 60 a wen keng 30 huet, gewënnt en Extratour. Dat ass laang net sou schlëmm, wéi dat dacks duergestallt gëtt.

D’Disziplin an de Schoulen gëtt verstärkt. Handyën, Drogen, Kapen, Knätsch an Zigaretten hunn an de Schoulen näicht verluer.  D’Affekoten och net.  D’Mentalitéit vum „tout-judiciaire“ schued der Schoul a schued schlussendlech och de Kanner. Reclamatiounen mussen am Schoulsystème traitéiert ginn, net op de Geriichter.

Wen an d’Schoul geet, ass anstänneg ugedoen a behëllt sech héiflech a korrekt. D’Schoul ass net do fir Kanner ze zillen, déi doheem net gezillt goufen. D’Schoul ass eng Plaz wou geléiert gëtt. Schouluniformen gi recommandéiert a vum Stat bezuelt. Markefetischismus huet an der Schoul näicht verluer.

D’Handwierk gëtt revaloriséiert.  All beruffsorientéiert Schoul soll autonom a spezifesch ausbilden. Et gëtt keng Gesamtschoul a keng Gläichmaacherei. D’Schoulen kënnen sech hir Schüler an engem bestëmmte Moos raussichen.

De klassesche Lycée gëtt  voll retabléiert an de Programm gëtt reforméiert a vergréissert. Fir et däitlech ze soen : Méi SCHOULSTONNEN a méi PROGRAMM!  Lëtzebuergesch gëtt obligatoresch Schoulfach op alle Klassen –  vu 7ème bis 1ère . Déi klassesch Sproochen Latäin an Algriichesch ginn systematesch promovéiert. Et ginn keng Sektiounen ofgeschaaft. Et gëtt e spezielle Lycée fir Konscht a Musek gegrënnt. De Sportunterrecht gëtt komplett reforméiert an aanecht organiséiert. Fir besonnesch gutt Schüler an der Mathematik an an de Naturwëssenschaften gëtt et nach extra-Coursen an de Vakanzen déi  zësummen mat der Uni organiséiert ginn.

De Reliounsunterrecht bleift an eise Schoulen. De reliéisen an iwwerhaapt de philosopheschen Analphabetismus ass eng  Schan fir eist Land an eis Zäit. Mir sollen d’Kultur flegen a förderen a net déi kulturell Barbarei nach encouragéieren.

Et gëtt e nationalen Elitlycée a Fom vun engem Internat gegrënnt. All Joer gëtt alle Schüler aus dem Enseignement secondaire classique d’Participatioun un engem nationale Concours erméiglecht fir kënnen op eng Klass vum  Elitlycée ze kommen.

Schoulreformen mussen eist Land no vir bréngen an eis Kanner eng beschtméiglech Viirbereedung op d’Liewen mat op de Wee ginn.

Voilà – dat wor de Résumé vun dem wat ech proposéieren. Jiddefalls soll lo keen soen, et geng keng politesch Alternativ zu där aktueller Politik ginn!  Dat do si meng Iwwerzeegungen an zu denen stinn ech.

Ah jo, a wann d’OECD oder d’EU net sollten d’accord sinn, dann haten se eben Pech. Et geet mir nämlech och duer mat der Ennerwierfungspolitk géintiwwer auslänneschen « Experten » mat dubiosen Ziler.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert