Déi Gréng: amplaatz „Konkret Politik“ eng nebulös Grondsazerklärung!

De Kongress vun dene Gréngen vum 23. Februar hat den schéinen Titel « Konkret Politik ». Raus koum eng véier Säite laang Grondsazerklärung, déi alles aanescht wéi konkret ass. Et ass en Dokument mat villen abstrakten Sprëch a Floskelen, mä ouni konkret politesch Aussoen.

Déi éicht Fro, déi een sech ka stellen ass déi vum méiglechen Plagiat. Dee ganzen Text ass op Däitsch an et kann een sech froen  wou dat Gefloskels dann eigentlech hier kënnt. Déi Gréng als lëtzebuerger Lokalsectioun vu « Bündnis 90/Die Grünen »  konnten sech am Ausland vläicht fäerdeg Texter organiséieren, déi just nach ë bësselchen hu missen ëmgeplooschtert ginn. Leit déi sech mat Anti-Plagiatsprogrammer auskennen, fannen vläicht um Spaweck déi korrespondéierend Originaltexter.

Op ville Plazen an dem Pabeier deit sech un, wat vernënfteg Leit ëmmer nes dene Gréngen reprochéieren. Déi Gréng schwätzen vu Fräiheet mä si mëschen sech hemmungslos an d’Privatliewen vun de Leit an. Si behaapten si wären fir sozial Gerechtegkeet, mä hir Spezialitéit ass d’Erhéigen vun Taxen a Steieren : Gréng gëtt deier, fir déi Räich mä grad sou fir déi Aarm! Si soen eis, wéi mir ze liewen hunn : gläich a véier Paragraphen kritiséieren si eisen Liewensstil a fuerderen eng Konsummässegung. Si verlaangen präventiv déi Schied ze evitéieren, den eise Liewensstil hirer Meenung no veruersaacht. Wéi si eis wëllen ëmerzéien, oder mat wat wéi enge neie Steieren a Belaaschtungen si eis hir Virstellungen fir eise Liewensstil wëllen opzwéngen, dat soen si eis léiwer nët.

Si wëllen wéi all lénk Utopisten dee neie Mënsch schafen, besonnesch duerch d’Emsetzen vun der Gender-Theorie. Hir Zil ass eng « Auflösung der historisch gewachsenen  (…) stereotypen Geschlechterrollen ».  Wéi si eis wëllen empolen, steet och net an hirem  Pabeier.

Ausgerechent déi Gréng, déi dauernd vu politescher Korrektheet schwätzen an duerch hiren lénken Dogmatismus  d’Championën vun der Intoleranz sinn, ausgerechent si behaapten fir d’Gedanken- an d’Meenungsfräiheet anzetrieden.

An ausgerechent déi Gréng, déi nach viru kuerzem an der Chamber géint e Referendum iwwer den iwwerflëssegen Tram gestëmmt hunn, behaapten fir d’«Förderung von Bürgerbeteiligung » a fir « Demokratie für alle » ze sinn. Domadder kënnen si also  héchstens d’Walrecht fir d’Auslänner bei de Chamberwalen geméngt hunn.

Dozou passt och, dat si fir « das Ueberwinden von sprachlichen Hindernissen » sinn. Mat « sprachlichem Hindernis » mengen si eis Sprooch.

Si sinn fir en total onkriteschen Multikulti (« Diversität », « Unterschiedliche Lebensstile ») a behaapten dann dat géng den « Zusammenhalt » an eiser Gesellschaft fördern. Wéi kann dann e Niewenëneen ouni Integratioun der Solidaritéit an eiser Gesellschaft déngen ? Dat bleiwt e gréngt Geheimnis!

Si soen si géngen sech fir villsäiteg a kritesch Medien asetzen, sinn awer déi éicht déi an der Chamber fir Gesetzer stëmmen, déi d’Fräiheet vun der Press aschränken.

Si wëllen wirtschaftlech Diversitéit a vergiessen ze soen, dat keng Partei méi wirtschaftsschiedlech ass wéi si! Déi Gréng sinn en technologie- a wëssenschaftsfeindleche Klippchen vun ecologeschen Dreemerten. Si héigen d’Steieren, schueden der Finanzplaz, behënneren den Ausbau vun den Infrastrukturen, verdeieren d’Energie, limitéieren d’Mobilitéit, mëschen sech an d’Gestioun vun de Betriber an  a vervillfachen d’Bürokratie. Wannn een  Investor eppes mat Sëcherheet net brauch, dann sinn et gréng Politiker!

Déi Gréng hunn hire Loftblosenkongress hannert sech. Zënter drësseg Joer verbreeden déi do Leit hir gesellschaftsschiedlech Theorien. Hoffentlech kommen net nach eemol 3o Joer dobäi!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert