D’CSV verseet bei hirem éichten Oppositiounsoptrëtt

Dat wat de Moien an der Chamber geschitt ass entsprëcht dem wat ze erwaarde wor: d’CSV ass an hirer eegener Geschicht gefaang a verfaang a ka keng Oppositiounspolitik maachen.

http://www.wort.lu/de/view/juncker-neue-regierung-alte-politik-52a838f5e4b010cbc9a38796

Mä déi Manéier wéi si keng Oppositioun gemaach huet, wor och nach taktesch falsch. Doduerch datt den Här Juncker ëmmer nees drop insistéiert huet, datt 80% vum Regirungsprogramm dem CSV-Walprogramm entspriechen, huet hien der Frustratioun iwwer den CSV-Regirungs-Ausschloss d’Prioritéit virun dem progressiven Opbau vun enger inhaltlecher Distanzéierung vu Gambia ginn. D’CSV ass doduerch net nëmme elo gefaang mä si bleift och nach an Zukunft oppositiounsonfäheg. Domat huet den Här Juncker senger Partei wierklech kee Gefaale gemaach.

Nach méi schlëmm:  op enger Rei vun chrëschtleche Punkten huet hien eng inhaltlech Nei-Positionnéierung vu sénger Partei vu vir eran verhënnert. Den Te Deum huet hien no un lächerlech gemaach, d’Homo-Bestietnis als politesch bal net kontestéiert duergestallt an bei der Ofdreiwung fënnt hien datt déi zweet Konsultatioun keen obligatoresche Charakter däerft hunn. Dräi déck Datzen fir den Här Juncker den net verstaan huet, datt et sou net ka mat sénger Partei viru goen.

Mat dem Här Juncker kritt d’CSV sech jiddefalls net méi nei opgestallt. Firwat sollt de Wieler dann eng Partei wielen, déi grosso modo dat selwecht proposéiert wéi d’Gambia-Koalitioun?  Wéinst dem Här Juncker? Wann hien keng Plaatz an Europa fënnt, ass hien bei denen nächste Walen 64 Joer al  – net grad en Zukunftsmodell och wann et bedeitend historesch Virbiller fir Carrièren am Seniorenalter gëtt.

A wann dëss Regirung verseet – an dovun ginn ech fest aus – da wär et jo nach méi falsch fir  eng copie conforme vum gescheiterte Modell ze wielen amplaatz eng nei Politik. Wann d’CSV sech net nei orientéiert – an dono gesäit et aus – da sinn just d’ADR op där konservativer Säit an déi Lénk-Kommunisten déi zwou politesch Alternativen. Wann d’CSV nach eng Zukunft wëll, da wär  si jiddefalls gutt beroden fir dem Här Juncker ganz séier eng Plaz an Europa ze sichen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert