déi Lénk an hir Propaganda

An der Chamber sot den Här Turpel den 11. Dezember dat hei: „Ofschléissend well ech matdeelen, datt de Serge Urbany an ech als eng vun onsen éischten Handlungen als nei vereedegt Deputéiert, zesumme mat Deputéierten aus aneren Länner een europäischt Manifest vun Parlementarier géint Faschismus ënnerschriwwe hunn“.

Den Här Turpel hat et jo virun engem knappe Joer fäerdeg bruecht fir viru kathouleschen Ofdreiwungsgéigner Hakekräizer op de Buedem ze molen. Wat fir den Här Turpel „rietsextrem“ heescht muss also grëndlech hannerfrot ginn. Dee Film den den Här Turpel beim Hakekräizmolen weist ass op dësem Blog ze gesinn,  an dem Artikel „Doudelueden an Intoleranz“.

Et ass also jiddefalls interessant dee Manifest mol nozeliesen den déi Lénk ënnerschriwwen hunn. Hei ass ën:

http://cadtm.org/Manifeste-antifasciste-europeen

Et handelt sech ëm e klassesch Dokument am Stil vun der extremer Lénker dat neturgeméiss kee Wuert iwwer de Lénksextremismus an déi  lénksextremistesch Gewalt an Europa verléiert. Dovun ofgesin gëtt hei op bewährten kommunistesch Propaganda-Methouden zréckgegraff: d’Opdeelung vun der Gesellschaft a verschidde Gruppen oder Klassen vun denen eenzelner  global als ënnerdréckt oder benodeelegt duergestallt ginn fir si zum Kampf géint déi aner, hir behaapten „Ennerdrécker“, ze motivéieren: Dobäi kommen aalbekannte Praktiken wéi d’Verzerrung vun historeschen Zësummenhäng an d’Verdréiung vun der Bedeitung vun de Wierder.  Déi Lénk wëlle sech duerch hir Propaganda eng nei Clientèle schafen, eng nei „Vorhut der Arbeiterklasse“ déi si soll un de Pouvoir droen. Hir Rhetorik dréint sech ëmmer ëm d’Fräiheet an a Wierklechkeet sti si fir de Géigendeel: fir d’Ennerdréckung. Et däerf een ni méi net op déi kommunistesch Propaganda, där hir Methouden sech net verännert hunn, era falen.

Ech si jo selwer en iwwerzeegte Géigner vun all Juddefeindlechkeet an et ekelt mech dowéinst ze liesen wéi déi europäesch Lénk hei – pro forma –  d’Judden a Schutz huelen an awer gläichzäiteg an der Realitéit den aktivsten Anti-Semitismus bedreiwen –  verstoppt hannert hirer Israel-Kritik.

Ech geng dem Här Turpel mol recommandéieren sech mat dem Antisemitismus am Kommunismus méi ze beschäftegen. A sénger Ried huet den Här Turpel gläich zweemol de Karl Marx zitéiert. Abee de Karl Marx huet och verschiddenes  a sénger Schrëft „Zur Judenfrage“ behaapt, dat souguer op extrem lénke Publikatiounen als rassistesch erkannt gëtt: 

http://www.scharf-links.de/49.0.html?&tx_ttnews%5Btt_news%5D=36997&cHash=c629f16214

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert