Fir en anert Europa!

E puer Méint virun den Europawalen muss jiddereen sech iwwerleeën wéi en zu Europa steet. Wëlle mir weiderhin en Europa wat eis dauernd méi Souveränitéit wechhëllt an eis politesch an demokratesch Fräiheeten ëmmer méi aschränkt? Wëlle mir en Euro den a senger aktueller Form zwar net iwwerliewe kann, mä dofir awer d’Budgetsrechter vun de nationale Parlamenter ëmmer méi aschränkt? Oder wëlle mir léiwer en zolitten Euro den nëmmen déi Länner hunn, déi budgetär Disziplin weisen a sech net iwwerméisseg verschëlden?  Wëlle mir vun der Europäescher Kommissioun an e puer grousse Länner vu baussen regéiert ginn, oder wëlle mir nees selwer decidéieren wat an dësem Land geschitt?

Ech si jiddefalls der Meenung datt mir op kee Fall en europäesche Federalstat kréie sollen an dem Lëtzebuerg nëmme nach eng Provënz ass. Mir brauchen eis Souveränitéit zréck fir en  Europa vun de Natiounen opzebauen. Dowéinst si sou Länner wéi England an och ëmmer méi Holland fir eis wäertvoll Partner. Och si si fir e friddlecht Europa mat engem grousse Bannemaart mä eben net fir en europäesche Federalstaat den bis hin zur Kultur, zur Educatioun an zur Gesellschaftspolitik diktéiert wat mir däerfen a sollen a wat net.

An dem Artikel den ech haut hei publizéieren geet et ëm d’Geldverschwendung an der Europäescher Unioun. Mä virun allem ass hei och en alen britesche Reportage ze gesinn, den nach aus där Zäit staamt wou iwwer de Verfassungsvertrag geschwat gouf.  Villes an dem Film ass iwwerdriwwen an heiandsdo och falsch, mee ganz villes ass och absolut richteg. Dowéinst lount et sech dëse Film haut, ronn zéng Joer méi spéit, ze kucken fir d’Aengscht vun deemools mat der Realitéit vun haut ze vergläichen.

Bei den Europawalen kréie mir Lëtzebuerger eng Chance fir der Pollitik e Message ze ginn: wëlle mir e federalt Europa mat enger ëmmer manner existentéierender „lëtzebuerger Provënz“ oder e Lëtzebuerger Land dat sou souverän wéi nëmme méiglech an engem Europa vun de Natiounen viru besteet? Meng Loyalitéit gehéiert jiddefalls Lëtzebuerg an net dem Europa vun de Bréisseler Bürokraten. Déi Politik vum Här Juncker déi eis lëtzebuerger Interessen joerlaang zu Gonschten vu Bréissel konsequent sacrifiéiert huet, muss endlech ophéieren!

http://recentr.com/2013/09/van-rompuy-straft-buchprufer-des-europaischen-rechnungshofs-die-seit-fast-18-jahren-eu-budgets-nicht-absegnen/

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert