D’ASTI géint d’Meenungsfräiheet

Op dësem Blog gouf scho méi dacks kritiséiert, datt d’ASTI probéiert objektiv an iwwerpréibar Tatsaachen am Zësummenhank mat Auslännerfroen an der Immigratiounsproblematik systematesch ze ënnerdrécken, wann se net an hire Konzept passen. D’ASTI probéiert leider ëmmer nees d’Lëtzebuerger déi offensichtlech Problemer uschwätzen – och wann dat an aller Objektivitéit an ouni all Xenophobie geschitt – als rassistesch ofzestempelen. Dat gëtt z.B. besonnesch däitlech wann et em d’Thematiséieren vun der Auslännerkriminalitéit geet. An Däitschland gëtt et fir äquivalent Procederen zu dëser ASTI-Taktik den Ausdrock „Rassismus-Keule“.

De Moien hunn ech d’ASTI-Zeitung „astinfo“ Nr. 19 vun 2012 mol nach eemol gekuckt an där et ëm déi Initiativ „Making Luxembourg“ goung.

Do goufen als xenophob scho Sätz beschriwwen wéi déi hei: „Les étrangers ne s’intègrent pas“ an „Les demandeurs d’asile font du tourisme à nos frais„. An d’ASTI huet sech zur Aufgab gemaach de „contrer ces propos„. (Säit 2)

Gutt, déi zitéiert Sätz sinn onzoulässeg Generaliséierungen, dat ass evident, mä si referéieren sech allen zwee op  ganz reëll Problemer. Den Asyltourismus ass eng Tatsaach genee sou wéi dat et vill Auslänner hei am Land gëtt, déi absolut keen Integratiounswëllen hunn. Dat een muss séng Aussoen nuancéieren ass kloer, dat een awer wëll sou Meenungen „contréieren“ amplaatz sech mat denen ugeschwaatenen Problemer ze befaassen ass net nëmmen e falschen Usaz mä virun allem en Agrëff an d’Meenungsfräiheet.

D’ASTI soll sech iwwerleeën, ob si wëll d’Auslänner doduerch ënnerstëtzen, datt si fir hir Integratioun an eiser Gesellschaft verantwortungsvoll mat suergt oder ob si hir Aufgab dora gesäit de Kritiker wëllen de Mond ze verbidden an d’Lëtzebuerger ëmmer méi dacks an ëmmer méi liichtfankeg als Rassisten ofzestempelen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

5 Kommentare zu D’ASTI géint d’Meenungsfräiheet

  1. Sveinn sagt:

    Mol dovun ofgesinn datt Spréch wéi „d’Auslänner integréiere sech net“ effektiv zimlech auslännerfeindlech si, wou gëtt Är kostbar „Meenungsfräiheet“ duerch d’Asti ageschränkt? D’Asti schéckt keng Schlägertrupps bei Iech laanscht wann Der eppes sot wat rietskathoulesch, fraen- oder auslännerfeindlech ass a beschléisst och keng Gesetzer déi et Iech verbidden. W.e.g. haalt Iech dach Är Dignitéit a stiliséiert Iech net zum Affer vun der béiser „politescher Korrektheet“ – Dir kënnt nämlech genee sou Är Meenung soe wéi ech oder soss een och, obwuel se deelweis kontrafaktesch ass an a mengen Aen zimlech mënscheveruechtend Elementer enthält. Kritik a souguer Polemik muss een awer aushale kënnen. „Meenungsfräiheet“ ass keeng Eebunnstrooss.

  2. Pierre sagt:

    Et besteet zu Letzebuerg eng Tendenz kritesch Bemierkungen zu Auslaennerfroen oder Integratioun den Stempel vum “ Populismus“ oder vum „Rietsradikalismus“ ze verpassen. Dat selwecht gelt fiir kritesch Bemierkungen zur EU oder zum Euro, etc. Dat brengt et mat sech dass vill Leit sech mol net méi trauen hiiren Gedanken freien Laf ze loossen, well keen Mensch als “ rietsradikal“ well gebrandmarkt ginn, d’autant plus wann déi betreffend Persoun net rietsradikal ass. Meenungsfraiheet get doduerch psychologesch angeschraenkt. Ett ass jo haut schonns politesch quasi reaktionnär wann een seet dass een bekennenden Krescht ass. Zur Meenungsfraiheet gehéiert och eng offen an kontrovers Gespréichskultur déi net duerch “ Keulen“ psychologesch ofgewiergt gett.

  3. Serge sagt:

    Stop ASTI.

  4. Pascal sagt:

    Wou ass den Problem, Herr Kartheiser? Wann d ASTI mengt sou Sätz, wei dier ziteiert, wieren rassistesch (wat se objektiv gesin och sin, well et, wei dier richteg festgestallt hutt, onzoulässeg Generaliseirungen sinn, egal op d Problematik real ass oder net.), dann ass dat dach völleg an der Rei. Oder gellt d Meenungsfreiheet net fir eng Organisatioun wei d ASTI?
    Wann een dann hei an den Kommentarer liest „Stop ASTI“, muss een sech froen, wien dann elo wirklech d Meenungsfreiheet aschränken well, wann se d Muecht dozou hätten.

    • fkartheiser sagt:

      Gudden Owend,

      just zu Aerer Informatioun: de Kommentar „Stop ASTI“ ass mir vun engem Immigrant geschéckt ginn, den d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl huet.

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

Schreibe einen Kommentar zu Pascal Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert