Homo-„Bestietnis“ nach virun der grousser Vakanz

Datt d’Lénkskoalitioun wëll aus dem Homo-„Bestietnis“ eng politesch Prioritéit maachen, gouf also haut nees an der Chamber confirméiert.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/505937.html

Wat mech awer dorunner besonnesch stéiert ass, datt ausgerechent och nach en CSV-Politiker de Rapporteur vun dem Gesetz ass. D’CSV ass definitiv an d‘ Orientéierungslosegkeet gefall. Si hätt kënnen, wéi si et lo beim Auslännerwalrecht probéiert, och an dësem Dossier no de Walen zréckrudderen. Dat mecht si awer net an verréit léiwer och weiderhinn den „C“ an hirem Numm. Den „C“ steet nun eemol net fir „Centrum“, wéi verschidden CSV-Leit aus der zweeter an der drëtter Rei et wellen propagéieren, mä fir genee déi chrëschtlech idealer vun denen si an hirer Politik näicht méi wëll wëssen. Personell Féierungskris an inhaltlech Orientéierungslosegkeet – d’CSV ass eng Partei déi am Abléck alles anecht wéi attraktiv ass!  

Ech freeë mech jiddefalls, datt wéinstens d’ADR dem Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht negativ géintiwwer steet. Géif et déi Partei net ginn, hätten d’Famiilljen an d’Kanner e wichtegen Affekot manner.

De Sonndeg, den 2. Februar ass vun 15.00 bis 18.00 eng Demonstratioun fir d’Famill op der Kinnékswiss an der Stad. Et si franséisch Matbierger déi dëss Manifestatioun organiséieren. Hinnen dofir e ganz häerzlechen Merci!  

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert