D’Eurokris ass nach laang net riwwer!

Iwwer d’Eurokris gëtt a leschter Zäit net méi vill geschwat, well vill Leit de Sujet virun den Europawalen am léifsten wéilten an den Tirang leeën. Mee direkt no de Walen ass déi Problematik net méi ze ënnerdrécken. Soulaang – virun allem – déi südeuropäesch Economien hir Competitivitéit net rëmkréien, ass dën Euroraum – a senger aktueller Compositioun – net ze halen.

Laang Zäit gouf  behaapt mir hätte keng Eurokris, mä „just“ eng Scholdekris. Dat ass nëmmen zu engem Deel richteg. Den Euro selwer ass eng Fehlconstructioun, seng Stabilitéitscritèren ginn net agehal a mir maachen näicht aanecht wéi d’Economien vun denen nach stabile Länner permanent ze schwächen fir eng Währung ze retten déi an hirer aktueller Form net ze retten ass. D’Aféierung vum Euro huet iwwer d’Reductioun vun den Kreditzënsen a Südeuropa d’Scholdekris mat provozéiert.

Fir vill Politiker läit d’Léisung vum Problem an der Schaafung vun engem europäesche Federalstaat géint de Wëllen vun ganz villen – vläicht denen meeschten –  Leit an enger Communautariséierung vun de Scholden.

Sou Iddien féieren menger Meenung no nëmmen zu nach méi Sträit an Europa. D’Steierbezueler an dene méi räiche Länner – also och hei zu Lëtzebuerg – sollen den, gemooss un hirer Wiertschaftsleeschtung,  zevill héige Liewensstandard vun de Südeuropäer bezuelen. Dee Modell ass fir mech net akzeptabel!  Dem Här Juncker séng „Eurobonden“ si genee dat – eng total falsch verstaanen Solidaritéit op eis Käschten amplaatz de Wee zréck an déi economesch a finanzpolitesch Vernonft!

Ee vun dene grousse Spezialisten vum Euro ass den däitschen Professer fir Economie, Hans-Werner Sinn.

http://de.wikipedia.org/wiki/Hans-Werner_Sinn

Et lount sech wierklech dësen Interview mam Här Professer Sinn ze kucken, genee sou wéi et dowäert ass säi Buch „Dier Target-Falle“ ze liesen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu D’Eurokris ass nach laang net riwwer!

  1. Serge sagt:

    Pendant ce temps, f.hollande se fond lamentablement en compliments à erdogan lors d’une visite en Turquie, laissant notamment planer une bienveillance quant à la poursuite des pourparlers un Élargissement de l’UE vers cette zone musulmane.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert