An hirem Regierungsprogramm huet d’Gambia-Koalitioun scho ganz, ganz vir, op der Säit 6 ënner dem Titel « Renouveau démocratique » ugekënnegt, datt si e Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht wëll maachen . Hei ass dee betreffenden Auszuch aus dem « programme gouvernemental » :
« Ensuite, en 2015 le peuple sera consulté par voie de référendum sur des questions essentielles, notamment:
– le financement des ministres des cultes ;
– les droits politiques des concitoyens non luxembourgeois ;
– la participation des jeunes dès l’âge de 16 ans au processus politique ;
– la limitation dans le temps des mandats ministériels.
Fin 2015, après un premier vote parlementaire, le texte de la nouvelle Constitution sera soumis, selon la procédure constitutionnelle, à un second vote d’approbation par référendum. »
Do steet net ieren « vläicht » oder eppes wéi « dat hei ass nëmmen eng indikativ Lëscht », nä do steet kloer an däitlech : « sera consulté sur des questions essentielles notamment – les droits politiques des citoyens non luxembourgeois ». Do ass keng Ambiguitéit drann.
Dowéinst ass et besonnech interessant fir ze gesinn, wéi d’Gambisten schonn no honnert Deeg op Distanz zu hirem eegenen Regierungsprogramm ginn. Natierlech hunn si an der Tëschenzäit verstaan, datt si dee Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht verléieren a mat där Gewëssheet änneren si och hir Taktik. Demokratesch sinn déi lénk Parteien jo bekanntlech nëmmen dann, wann et si arrangéiert.
A punkto Auslännerwahlrecht gëllt lo eng nei Sroochregelung. Hei si Beispiller :
Am Jeudi vum 20. März stoung dat hei :
« Le ministre de la Justice, Felix Braz, a précisé les vues du gouvernement en matière de réforme constitutionnelle : un référendum « sur questions de principe » – dont la liste sera fixée avec la commission parlementaire – aura lieu début 2015. »
Am Wort vum 19. März houch et an engem Interview mam Här Braz:
« Die Liste der Fragen, über die das Volk zu entscheiden haben wird, steht noch nicht definitiv. Die im Regierungsabkommen erwähnten Fragen sind indikativ.»
De 15. März sot den Alex Bodry um 100,7 am « Riicht eraus »
http://www.100komma7.lu/files/10/2/248445_riicht-eraus.mp3
Bei ongeféier 85% op der Barre vun dësem Enregistrement stellt d’Journalistin, d’Madame Oppel, d’Fro nom Auslännerwahlrecht. Den Här Bodry freet sech ob e Referendum deen « eenzege Wee » ass fir un déi Fro run ze goen a wann een « ouni Referendum » kéint e Schratt an där doter Fro « weider kommen », so den Här Bodry, da « kann een doriwwer diskutéieren ».
Et gesäit also lo sou aus, als wéilten d’Gambisten dem lëtzebuerger Vollék d’Auslännerwahlrecht ouni Referendum opzwéngen.
Aeddi Demokratie, wëllkomm an der Lénksdiktatur!
Et ass awer och fragwürdeg nemmen volljähreg Lëtzebuerger iwwert d’Auslännerwahlrecht bestemmen ze lossen. Dee Moment stemmt eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit of. D’Vollék op Lëtzebuerger ze reduzéieren huet e batteren Nogout grad an eisem Land. Vive la démocratie!
Ganz richteg! Demokratie duerf net zur Mobherrschaft ginn a brauch Schutzmechanismen.
Här Kartheiser, wann et no Iech gaange wier, hätte mer dann och e Referendum iwwert d’Fraewahlrecht missen ofhalen?
Gudden Owend,
déi meeschte Leit schéngen net ze wëssen, datt dat d’Fraewahlrecht zësumme mam allgemenge Wahlrecht ageféiert gouf. Bis 1919 haten och nach déi meeschte Männer hei am Land kee Stëmmrecht.
Mat beschte Gréiss,
Fernand Kartheiser